Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Durand Jones - Sadie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Direktesch vun UNICEF: Situatioun op Haiti ass apokalyptesch

Staatlech Gewalt zesummegebrach

Direktesch vun UNICEF: Situatioun op Haiti ass apokalyptesch

D‘Situatioun op Haiti wier apokalyptesch a géif un de Film "Mad Max" erënneren. Dat sot d‘Direktesch vun der UNICEF an engem Interview mat der amerikanescher Televiounschaîne CBS.

auto_stories

1 min

Catherine Russell | © picture alliance/dpa | Jörg Carstensen
Foto: picture alliance/dpa | Jörg Carstensen

Besonnesch an der Haaptstad Port au Prince ass all staatlech Gewalt zesummegebrach. D‘Stroosse gi vu kriminelle Bande kontrolléiert. E Presidentschaftsconseil soll no der Demissioun vum Premier Ariel Henry eigentlech d‘Kontroll iwwerhuelen, dat ass bis elo awer nach net geschitt. Bis e Mëttwoch gëllt eigentlech eng Ausgangsspär.