Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump: Mat Réckewand an de Super Tuesday

Virwale bei de Republikaner

Donald Trump: Mat Réckewand an de Super Tuesday

An den USA ginn et weider Victoirë fir den Donald Trump bei de parteiinterne Virentscheedunge fir d’Presidentschaftskandidatur vun de Republikaner. Den Trump huet gëschter de Vott am Missouri an am Idaho gewonnen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP

Am Missouri wier hien op 100 Prozent vun de Stëmme komm. Am Idaho ass hien op eng 84 Prozent komm. Seng eenzeg Konkurrentin, déi nach an der Course ass, déi fréier amerikanesch UNO-Ambassadrice, kënnt op knapp 14 Prozent. 

En Dënschdeg ass de sougenannte Super Tuesday. Da gëtt an enger Dose Bundesstaate gewielt. Der Haley gi praktesch keng Chancë virausgesot, d’Steier nach emol erëm ze rappen. Nom Super Tuesday kéint si deemno d’Handduch geheien.