Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Doudeg Geisele gebuergen / Gréisste Klinik am Zentrum vun der Gazasträif muss zoumaachen

Noen Osten

Doudeg Geisele gebuergen / Gréisste Klinik am Zentrum vun der Gazasträif muss zoumaachen

Déi israeelesch Arméi huet eegenen Aussoen no d’Läiche vun 3 Geisele vun der Hamas gebuergen. Iwwerdeems riskéiert déi gréisste Klinik am Zentrum vun der Gazasträif zoumaachen ze mussen.

auto_stories

1 min

Gaza-Sträif no israeleschen Attacken | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib

Déi Doudeg goufen am Norde vun der Gazasträif fonnt a konnte mat der hëllef vun der Police an engem Fuerschungsinstitut identifizéiert ginn. D’Famille vun de verstuerwene Geisele solle scho benoriichtegt gi sinn.

Iwwerdeems riskéiert déi gréisste Klinik am Zentrum vun der Gazasträif zoumaachen ze mussen. Dat well et der Infrastruktur u Stroum feelt, nodeems israeelesch Truppen ugangs Mee de Grenziwwergank Rafah tëschent der Gazasträif an Ägypte besat hunn, heescht et vun dem Gesondheetsministère, der vun der Hamas kontrolléiert gëtt. Dëse Grenziwwergank fungéiert als Haapt-Transportwee fir d’Liwwere vu Ressourcë fir déi palästinensesch Gebidder.