Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
search

/ Drock op Israeelesch Regierung vun den USA an dem Internationale Geriichtshaff

Noen Osten

Drock op Israeelesch Regierung vun den USA an dem Internationale Geriichtshaff

Den Internationale Geriichtshaff fuerdert Israel op mat den Attacken op Rafah opzehalen. Och d‘USA fuerdert, datt humanitär Hëllef an d‘Gazasträif muss eragelooss ginn. Dofir mussen d‘Gespréicher tëscht Israel an Ägypten ofgeschloss ginn.

auto_stories

1 min

Den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag. | © picture alliance / NurPhoto | STR
Foto: picture alliance / NurPhoto | STR

D’US-amerikanesch Regierung huet Israel op en Neits dozou opgeruff méi humanitär Hëllef an d'Gazasträif eranzeloossen. Den US-amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet an engem Telefonsgespréich mat sengem israeeleschen Homolog kloer gesot datt d’Gespréicher tëscht Israel an Ägypte mussen ofgeschloss ginn, fir de Grenziwwergang vu Rafah nees op ze maachen.

Den Internationale Geriichtshaff huet Israel ordonéiert mat den Attacken op d’Stad Rafah an der Gazasträif opzehalen. Trotzdeem ginn et och haut weider Bombardementer vun der israeelescher Arméi an dat och op Rafah wou Honnertdausende Palestinenser liewen déi dohinner geflücht sinn, wëll hir Quartieren zerstéiert goufen.

Ordonéiert gouf och, datt de Grenziwwergang vu Rafah soll nees opgemaach ginn, fir déi humanitär Hëllef eranzeloossen.

Israel huet betount et géif ee keng Zivilpopulatioun viséieren.