Radioen

On air

Tockcity  |  Johnny Marr - The Answer

play_arrow Live
search

/ EU-Envoyé spécial fir PME: Kritik vum Nicolas Schmit un der Kommissiounscheffin

EU-KOMMISSIOUN

EU-Envoyé spécial fir PME: Kritik vum Nicolas Schmit un der Kommissiounscheffin

D’Nominatioun vum CDU-Europadeputéierte Markus Pieper als Envoyé spécial fir d’PME vun der Europäescher Kommissioun werft Froen ob, seet den EU-Kommissär Nicolas Schmit. En plus, wier dee Posten ob eng “obskuer Manéier” geschaf ginn.

auto_stories

4 min

Foto: European Union

D’Presidentin Ursula von der Leyen hat d’Schafe vun deem Posten am September zejoert an hirer Ried zur Lag vun der Unioun annoncéiert: Een “Envoyé vun der EU fir d’PME”, deem seng Aufgab et ass, d’Kommissioun an de Froen, déi mëttel- a kleng Entreprisë betreffen, ze beroden an hir Interêten ze verdeedegen.

Envoyé spécial huet déi nämmlecht Parteikaart ewéi Kommissiounscheffin

Enn Januar koum d’Annonce, datt de Markus Pieper, dee fir déi däitsch CDU am Europaparlament setzt, fir dee Posten nominéiert gouf.

Déi Nominatioun vum däitsche Chrëschtdemokrat, dee vun där nämmlechter Partei ass wéi d’Kommissiounscheffin, huet dono Froen opgeworf. Déi italieenesch Newsletter “Mattinale europeo” huet gemellt, dem Markus Pieper seng Kandidatur wier manner gutt gewiescht, wéi déi vun zwou Konkurrentinnen. Eng vun hinnen, déi tschechesch Europadeputéiert, Martina Dlabajova soll an der Tëschenzäit ee Recours bei de Ressources Humaines vun der Kommissioun agereecht hunn.

Nieft enger Partie Europadeputéiert, déi parlamentaresch Froen iwwert d’Nominatioun gestallt hunn, läit och elo och ee Bréif vu véier EU-Kommissären um Dësch vun der Kommissiounspresidentin. Ee vun de Signatairen ass de Lëtzebuerger EU-Kommissär fir d’Aarbecht a Soziales, den Nicolas Schmit.

Nominatioun laanscht den zoustännegen EU-Kommissär Breton?

D’Initiativ fir de Poste vum Envoyé spécial wier vun der Presidentin komm, ouni deen zoustännegen EU-Kommissär fir de Bannemarché, den Thierry Breton “richteg z‘implizéieren”, sou den LSAP-Politiker. Dowéinst hätt hien de Bréif vum Thierry Breton, dem EU-Kommissär fir de Bannemarché, op deem seng Demande hin, mat ënnerschriwwen.

Fir den Nicolas Schmit gouf weder den Thierry Breton nach de Rescht vun de Kommissäre richteg doriwwer informéiert.

“Onkloer ass, firwat déi Decisioun geholl ginn ass, ouni den Här Breton doriwwer ze informéieren an och de Collège, deen dat an engem grousse Package mat decidéiert huet, ouni datt dat kloer explizéiert gouf.”

Nicolas Schmit: “D’Decisioun gouf ob obskuer Manéier geholl”

Dat misst clarifiéiert ginn, sou de Nicolas Schmit, deen awer och d’Schafe vun deem Posten u sech kritiséiert. Am Fong wier dat d’Aufgab vum EU-Kommissär selwer, sech ëm d’PMEen ze bekëmmeren.

“Et geet hei ëm d'PMEen, dat ass eng wichteg Saach, se z’accompagnéieren oder besonnesch opzepassen, datt europäesch Legislatioune sech net géint Kleng- a Mëttelbetriber wenden. Ech mengen, dat misst eigentlech d'Aufgab si vum Kommissär an der Direction générale. Ech gesinn net, wat deen een Envoyé spécial do nach méi brénge kann.”

EU-Kommissioun weist Reprochen zeréck

D’Kommissioun huet hirersäits iwwert hire Spriecher Eric Mamer all Reproche zeréckgewisen. D’Prozedure wiere suivéiert ginn an déi Persoun, déi finalement selektionéiert gouf, wier op der Basis vun hire Performancen erausgesicht ginn. Et wier dono dozou och keen negative Commentaire vun anere Kommissäre gemaach ginn, sou den Eric Mamer.

D’Decisioun, dee Posten ze schafen, gouf effektiv mam Averständnis vum Nicolas Schmit an den anere 25 EU-Kommissäre geholl. Firwat huet hien deemools keng Kritik ugemellt?

“Well dat ob eng ganz obskuer Manéier geschitt ass”, äntwert den Nicolas Schmit.

Hie schwätzt vun engem “Hauruck-Verfaren”, wat duerchgezu gouf, ouni datt d’Mataarbechter vun der Kommissioun, déi d’Sitzunge vun de Kommissäre preparéieren, informéiert goufen.

Nicolas Schmit weist Kritik vum “puere Walkampf” zeréck

D’Ursula von der Leyen ass bekanntlech Spëtzekandidatin vun der Europäescher Vollekspartei fir d’Europawalen an domat direkt Konkurrentin vum Nicolas Schmit, deen d’Europäesch Sozialisten als hire Spëtzekandidat nominéiert hunn. Nieft dem LSAP-Politiker an dem Thierry Breton hunn och nach den italieenesche Kommissär Paolo Gentiloni an den EU-Chefdiplomat Josep Borrell de Bréif ënnerschriwwen - allebéid, wéi den Nicolas Schmit, Member vun den Europäesche Sozialisten.

D’Kritik vum Parteichef vun der EVP, dem Manfred Weber (CDU), et géif sech bei där Initiativ ëm puere Walkampf handelen, weist de Nicolas Schmit awer zeréck.

"D’Initiativ geet vum Här Breton aus, net vu mir oder vum Här Gentiloni. Déi Fro, déi gestallt ass, ass déi, ob dat doten eng gutt Gouvernance ass, wa sou Nominatiounen - besonnesch wann et sech ëm Politiker handelt, déi och Parteipolitiker sinn an déi aus der nämmlechter politescher Famill sinn - ob dat déi richteg Manéier ass, ob dat, eigentlech esou sollt duerchgezu ginn. Dat ass kee Walkampf, dat ass eng Fro vu gudder Gouvernance géif ech soen."

Den Nicolas Schmit erwaart sech, datt dat am Collège vun den EU-Kommissären diskutéiert gëtt. Och d’Europaparlament kéint a senger Plenière-Sitzung déi nächst Woch dorop zeréckkommen.

De Markus Pieper soll scho Mëtt Abrëll säi Posten als Envoyé spécial untrieden.