Radioen

On air

Notturno  |  Perfume Genius - On The Floor

play_arrow Live
search

/ Weider 500 Milliounen Euro fir Europa als Standuert fir d'Fuerschung

"Choose Europe for Science"

Weider 500 Milliounen Euro fir Europa als Standuert fir d'Fuerschung

Duech zousätzlech Fongen wëll d'EU Europa méi attraktiv fir d’Fuerschung maachen: Op der Sorbonne zu Paräis hunn de Moien de franséische President Emmanuel Macron an d’Cheffin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen, d’Initiative “Choose Europe for Science” lancéiert.

auto_stories

2 min

Et geet drëm, méiglechst vill Fuerscher:innen, awer och Entreprisen aus der ganzer Welt, dozou ze beweegen, Europa als Standuert fir hir Aktivitéiten ze wielen. Virun allem déi, déi duerch dem Donald Trump seng Politik an hirer Fuerschung bedreet sinn. Den Emmanuel Macron huet säin US-Homolog dann och fir seng Politik an deem Beräich kritiséiert. Dat, ouni den Donald Trump allerdéngs mam Numm ze nennen.

"Personne n'aurait pu imaginer, il y a quelques années, qu'une des plus grandes démocraties du monde allait supprimer des programmes de recherche, sous prétexte qu'il y avait le mot diversité dans ce programme. Personne ne pouvait penser qu'une des plus grandes démocraties du monde allait biffer d'un trait la capacité à avoir des visas de tel ou tel chercheur, parfois de ceux qui avaient contribué à sa propre sécurité numérique. Personne ne pouvait penser que cette très grande démocratie du monde, dont le modèle économique repose si fortement sur la science libre, sur l'innovation et sur sa capacité d'ailleurs durant les trois décennies passées à avoir innové davantage que les Européens et à avoir diffusé plus cette innovation, qu'ils allaient faire une telle erreur. Mais nous en sommes là."

D'EU géing dofir, nieft den aktuelle Fuerschungsprogrammer, e Pak vu weidere 500 Milliounen Euro zur Verfügung stellen, esou d’Annonce zu Paräis vun der Kommissiounspresidentin. D’EU géing des Weideren déi aktuell Bourse fir Chercheuren, déi sech an der EU nidderloossen, verduebelen.

An der Welt vun haut, géif d’Roll vun der Wëssenschaft a Fro gestallt, sot d’Ursula von der Leyen. Éischt Prioritéit vun der Initiativ wier et, sécher ze stellen, datt d’Wëssenschaft op a fräi bleift. D’Fräiheet vun der wëssenschaftlecher Recherche sollt an der EU gesetzlech verankert ginn, sou och d’CDU-Politikerin um Méindegmoien op der Sorbonne.