Radioen

On air

Notturno  |  Foals - Two Steps, Twice

play_arrow Live
search

/ EU decidéiert Sanktioune géint israeelesch Siidler

Noen Osten

EU decidéiert Sanktioune géint israeelesch Siidler

D‘EU huet eng éischte Kéier Sanktioune géint israeelesch Siidler decidéiert, dat wéinst der Gewalt vu radikalen israeelesche Siidler géint Palestinenser am Westjordanland.

auto_stories

1 min

D‘Memberstaaten hunn d‘Strofmesuren de Mueren an engem schrëftleche Verfaren decidéiert, krut déi Däitsch Presseagence aus Diplomatekreesser confirméiert. D‘Attacke géint Palästinenser gëllen als eent vun den Hindernisser fir Efforten ëm eng laangfristeg Friddensléisung am Konflikt am Noen Osten.