Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Cotton Jones - Gone The Bells

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ École nationale pour adultes: Eng Schoul fir Erwuessener

Educatioun

École nationale pour adultes: Eng Schoul fir Erwuessener

D’École nationale pour adultes kritt deemnächst eng nei Direktioun. Den Direkter vu bis elo, de Jos Bertemes geet dëse Mount an d’Pensioun. D'Schoul huet dëst Joer bei der Rentrée 600 Schüler opgeholl. 

auto_stories

3 min

Joseph Bertemes | © Joseph Bertemes
Foto: Joseph Bertemes

D’Schüle kréien d’Méiglechkeet entweder een Diplom ze kréien, wëll se als Jugendlechen d’Schoul ofgebrach haten, dat concernéiert d’Hallschent vun de Schüler. Oder se kréien d’Méiglechkeet als Erwuessen eng Weiderbildung ze maachen, en vue vun engem méi héijen Diplom. D’Offer ass ganz breetgefächert. Eng dovunner ass den Apprentissage fir Erwuessener, wou ee beim Patron schonn zum Deel schafft, erkläert de Jos Bertemes.

"Mir setze ganz staark, besonnesch an der Beruffsausbildung, op den Apprentissage vun den Erwuessener. Do huet een ee Kontrakt bei engem Patron. Et ass een also an enger berufflecher Situatioun. Engersäits bënnt et d'Leit scho sozial an d'Aarbechtswelt, dat zweet ass, si kënnen hir Perséinlechkeet och am Beruff entwéckelen. “

Zil wier och, datt d’Leit wa se färdesch si mat hirer Léier, vun de Patronen iwwerholl ginn.

Donieft gëtt et de finanziellen Aspekt. Vill vun deene Schüler hunn eng Famill opgebaut, sinn och Elengerzéiend. Déi kënnen sech iwwert deen dote Wee weiderentwéckelen, ouni vill grouss finanziell Verloschter ze maachen.

Alternativen an der Ausbildung

DÉcole nationale pour adultes wäert een Deel vu sengen Ausbildungen um Belval proposéieren. An der Stad soll awer eng Antenn bestoe bleiwen. De Jos Bertemes Direkter vun der École nationale pour adultes, gesäit awer och nach weider Alternative fir den Accès zu engem Diplom ze erméiglechen.

"Dir kënnt eng Ausbildung maachen als Kach am DAP. Dir kënnt eng Ausbildung maachen als Kach am CCP. Dat sinn zwee verschidden Ausbildungsmodeller. Wann der awer Jonker kritt, déi eng Zäitchen net an der Schoul waren, an hire leschten Diplom, erlaabt Iech net honnert Prozent, anzeschätzen, wou se dru sinn, muss een un Alternativen denken. Dowéinst hu mer decidéiert, mir géifen an den éischten Ausbildungsjoren déi zwou Formatiounen zesummenhuelen."

Da kéint gekuckt ginn a wéi eng Richtung et éischter soll goen: DAP oder CCP. Et géif een och iwwerleeën, Quatrième an Troisième zesummen ze ënnerriichten.

“Ob do, eng Aart, gemeinsamen Unterrecht op enger Quatrième opgebaut gëtt a wou een dono géif probéieren da mat hinnen e koherenten, schoulesche Projet opzebauen. Dat heescht, no engem Joer kann ee kucken ob se an den Enseignement Secondaire classique ginn oder an den Enseignement Secondaire général.”

Suivi vun de Carrièren net ëmmer einfach

D'Schoul muss e Suivi vun de Schüler maachen, fir ze kucken, wéi hir Carrière no der Schoul sech entwéckelt huet. Dat hänkt dovunner of, wéi eng Formatioun se gemaach hunn, erkläert de Jos Bertemes. Déi déi vun hire Patronen iwwerholl ginn, do wier et einfach de Suivi ze maachen an den Taux de réussite géif bei em déi 80 Prozent leien.

Bei deenen, déi en Diplome mat accès aux etudes Superieures kruten, wier et méi schwéier weiderzeverfollegen, well déi dacks och fir eng Zäit net am System sinn, betount de Jos Bertemes.

 

Aktualitéit
Edukatioun