Radioen

On air

Notturno  |  Nite Jewel - Before I Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Véierel vun de Lëtzebuerger Residenten iwwer 16 Joer fëmmt

D'Hallschent denkt un d'Ophalen

Ee Véierel vun de Lëtzebuerger Residenten iwwer 16 Joer fëmmt

Zu Lëtzebuerg fëmmt all Véierten, dee méi wéi 16. Joer al ass. Där neister Etüd iwwer den Tabagissem no waren et 2023 27 Prozent vun de Residenten. Dee Prozentsaz ass zënter Joren zimmlech stabil. Eng Ännerung gëtt et awer.

auto_stories

3 min

headphones

1 min

Fondation Cancer PK Mee 2024  | © Fondation Cancer play_arrow
Foto: Fondation Cancer

All véiert Persoun zu Lëtzebuerg, déi iwwer 16 Joer al ass, fëmmt. Dëst ass d'Resultat vun enger neier Etüd, déi Fondation Cancer zesumme mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez presentéiert huet.

Wat awer geännert huet ass, datt ëmmer méi Frae fëmmen. Zejoert waren dat der eng éischte Kéier grad esouvill wéi Männer.

Ronn d’Hallschecht vun de Fëmmerten denkt drun, opzehalen. Dat aus Gesondheetsgrënn, an och wéinst dem Präis.

D'Statistik zum Fëmmverhale vun de Lëtzebuerger Residenten. | © Fondation Cancer
D'Statistik zum Fëmmverhale vun de Lëtzebuerger Residenten. (Foto: Fondation Cancer)

Den Tubakspräis soll weider klammen

Un der Präisschrauf soll dann och an Zukunft weider gedréint ginn. Wéini a wéi staark? Doriwwer gouf et keng Informatiounen. D'Martine Deprez ass bei der Presentatioun vun der neier Etüd ganz vage bliwwe wat den Timing an d’Envergure vun zukünftege Präis-Haussen ubelaangt.

"Mir hunn am Kader vum Budget jo liicht Augmentatioune gemaach, an déi wäerten och weider stattfannen. De Präis ass ëmmer kontinuéierlech an d'Luucht gaangen. En ass ni erofgaangen. An an deem Sënn wäerte mir ënnerstëtzen, datt de Präis och weider wäert klammen. Mir hu keng Timeline, mir hunn näischt direkt virgesinn am Kader vum Tubaksgesetz. Dat heescht do reglementéiere mir just d'Reegelen, ënner deenen däerf verkaf ginn. Déi nei Produite vum Tubak sinn do elo mat dran an d'Nikotinpochetten."

Suerge mécht hir d‘Verdueblung vun de (virun allem jonke) Leit, déi reegelméisseg eng Shisha fëmmen, grad ewéi d‘Tatsaach, datt ëmmer nach 11 Prozent vun den Net-Fëmmerte souguer a Banneraim all Dag Tubaksdamp ausgesat sinn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft