Radioen

On air

Notturno  |  Ana Frango Elétrico - Electric Fish

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Treffen ouni konkret Resultater: De Luc Frieden huet dräi Gewerkschaften empfaangen

OGBL, LCGB a CGFP

Een Treffen ouni konkret Resultater: De Luc Frieden huet dräi Gewerkschaften empfaangen

De Premier Luc Frieden huet gëschter d’Gewerkschaften OGBL, LCGB an CGFP empfaangen, fir iwwert déi ekonomesch a sozial Situatioun am Land an och iwwert de Logement ze schwätzen. Dës Reunioun ass zustane komm, nodeems d’Gewerkschafte bedauert haten, datt si net mat op de Logementsdësch viru gutt zwou Wochen invitéiert waren. Et war een éischten Tour de Table tëschent dem Premierminister an de Gewerkschaften, ma awer nach ouni konkret Resultater.

auto_stories

2 min

Luc Frieden mat de Gewerkschaften | ©  SIP / Claude Piscitelli
Foto: SIP / Claude Piscitelli

Wärend enger Stonn haten d’Gewerkschaften d’Méiglechkeet, mam Premierminister iwwert hir Doleancen ze schwätzen. Fir den LCGB louch hei de Fokus virun allem op der Logementspolitik, huet de Patrick Dury direkt no der Reunioun erkläert.

D’CGFP gesäit dëst änlech a kritiséiert, datt déi meescht Reglementatioune wéi si vun der Regierung ugeduecht sinn an éischter Linn den Investisseuren an d’Kaarte spillen. An engem Communiqué schwätzt d’Staatsbeamtegewerkschaft vun enger eesäiteger Wunnengspolitik.

De Premier wëllt nach eng Kéier op d'Gewerkschaften zeréck kommen

Den OGBL setzt nach eng Rei Froe ronderëm sozial Sujeten dobäi.

“Fir den OGBL war dat d’Fro vun den Inegalitéiten, d’Fro vun der Steierreform, d’Fro vum Arbechtsrecht, d’Pensiounsreform an natierlech och vum Logement.“

Wat nom Logemensdësch festgehale gouf, doru géif lo näischt méi geännert ginn, huet de Luc Frieden de Gewerkschaften erkläert. Dee wier nämlech dofir do gewiescht, fir mat den Acteuren aus dem Bau an dem Handwierk iwwert Méiglechkeeten ze schwätzen, fir méi séier bauen ze kënnen. Dëst géif awer net d‘Enn vun den Diskussioune bedeiten, soll de Premierminister nach gesot hunn, hie wéilt weiderhin um Sozialdialog festhalen a wéilt och no dëser éischter Reunioun nach eemol op d’Gewerkschaften zeréck kommen. Ee konkreten nächste Rendez-Vous gëtt et awer nach net, hunn d’Gewerkschaften op eis Nofro hin nach erkläert.

 

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft
Sozialwalen