Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Ekoduerf BENU: Escher Gemeng wëllt appel à projets lancéieren

No Faillite a Bränn

Ekoduerf BENU: Escher Gemeng wëllt appel à projets lancéieren

Zu Esch kéinten um deels ofgebrannte Site vum Ekoduerf BENU, demnächst nei nohalteg Projeten entstoen. Den Escher Buergermeeschter seet, seng Gemeng wier am Prinzip bereet esou Projeten ze ënnerstëtzen.

auto_stories

4 min

headphones

22 min

D'Ekoduerf ass zanter de Bränn am Dezember 2023 fir de Public ofgespaart. | © Morgane Weidig play_arrow
D'Ekoduerf ass zanter de Bränn am Dezember 2023 fir de Public ofgespaart.(Foto: Morgane Weidig)

Fir de Schäfferot wier et kloer, datt de Site dem Upcycling soll erhale bleiwen, et wier och ee Budget vu ronn 250.000 Euro fir 2024 fir esou e Projet virgesinn, seet den Escher Buergermeeschter. De Christian Weis kéint sech virstellen, datt een zukünftege Projet selwer zousätzlech Finanzementer misst opdreiwen, entweder bei engem Ministère oder am Privatsecteur.

Gemeng Esch: Fir d'éischt de Prozess vun der Liquidatioun ofwaarden

D'Gemeng wëllt dofir elo op de Wee vun engem appel à projets goen. Et géif momentan och schonn dräi bis véier Interessente ginn, fir de Site ze iwwerhuelen, sou de Christian Weis.

Et wäert en Opruff fir Projete ginn, wou dann och verschidden Akteure kënnen eraginn, wéi si sech et virstellen. An da muss ganz kloer sinn a wat fir enger finanzieller Rumm mer eis beweegen, an och a wat fir enger Durée: Wa mer vun engem Pilotprojet schwätzen, da muss et jo och méiglech sinn, datt eng Gemeng sech iergendwann aus dem Investissement kann eraus zéien.”

Eng weider Oplag vun der Gemeng wier - no zwee Bränn um Site - datt op engem zukünftege Site, d'Pompjeeë besser misste bäikommen.

Dëse kloere Kader soll sécherstellen, datt déi nei Projete finanziell op séchere Been stinn. D’ASBL BENU Village hat nämlech am Hierscht faillite ugemellt, obwuel d’Gemeng Esch bal siwe Milliounen Euro dran investéiert hat. Kuerz no der Faillite war et dunn zu engem Groussbrand um Site komm. Elo leeft eng Liquidatioun fir ze klären wat mat dem deels beschiedegten Material vun der ASBL geschitt. Eréischt dono kéint den Opruff fir nei Projeten lancéiert ginn, esou de Buergermeeschter.

Ausgebrannte Containeren am BENU-Village | © Morgane Weidig
Ausgebrannte Containeren am BENU-Village (Foto: Morgane Weidig)

De Christian Weis hofft, datt hien de Freideg Äntwerte vun der Curatrice kritt, wéi et mam Site a mam Projet eventuell kéint viru goen.

"We are BENU Village", wier pett

D'Initiativ "We are BENU Village", déi aus 17 Membere besteet, déi virdrun am BENU-Village geschafft hunn, wier iwwerdeems och prett fir bäi deem appel à projets matzemaachen, seet de fréiere BENU-Mataarbechter Marc Gemeinhardt.

V.l.n.r.: Marc Gemeinhardt, Valérie Marx vun der Initiativ "We are BENU" an den Escher Buergermeeschter Christian Weis | © Morgane Weidig
V.l.n.r.: Marc Gemeinhardt, Valérie Marx vun der Initiativ "We are BENU" an den Escher Buergermeeschter Christian Weis (Foto: Morgane Weidig)

Et hätt een och schonn e Grondkonzept ausgeschafft an et wéilt ee méi mat den Noperen a mat de Quartieren zesummeschaffen, déi ronderëm leien. Et wier awer kloer, datt vun deene 17 fréiere BENU-Mataarbechter, der ëmmer méi géifen ofsprangen, wat de Prozess vum Relancement méi laang dauert. D'Mataarbechter hätten zënter Mëtt November keng Salairë méi ausbezuelt kritt, sou den Marc Gemeinhardt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kultur
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt