Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Justizministère: Ëmmer méi Mannerjäreger u Delikter mat Gewalt bedeelegt

Justiz

Justizministère: Ëmmer méi Mannerjäreger u Delikter mat Gewalt bedeelegt

Den Undeel vu Mannerjärege bei Delikter mat Gewalt këmmt. Dat geet aus enger Äntwert op eng Parlamentaresch Fro ervir. Dat am Kontext vun de kriminelle Fäll vu Mannerjäregen, déi a Frankräich an Däitschland klammen. 

auto_stories

1 min

D'Elisabeth Margue | © Jo Diseviscourt
Elisabeth Margue, Justizministerin (Foto: archiv)

Deemno wieren am Joer 2019 nach 35 Prozent vun den Infraktioune mat Gewalt vu Mannerjärege gemaach ginn. 2023 waren et 41 Prozent. 

Och bei de Strofdote géint Persoune gëtt et eng Hausse vun 8 Prozent op 11 Prozent. D‘Zuel vu mannerjäregen Täter am Beräich vun der Drogekriminalitéit ass vu knapp 10 Prozent op knapp 17 Prozent geklommen. 

Wat d‘Eegentumsdelikter ugeet, do sinn et 13 Prozent, déi vu Mannerjärege begaange ginn. Dësen Undeel wier am Verglach zu allen Täter relativ konstant bliwwen. 

Allerdéngs géif et kee feste Beweis fir organiséiert Jugendbanden ginn, déi Strofdote maachen, sou heescht et vun der Justizministesch Elisabeth Margue. Gewaltdelikter vu Mannerjärege wieren dacks sporadesch a géifen net vun de selwechte Persoune gemaach ginn.