Radioen

On air

Thé Dansant  |  Billy Joel - Piano Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmwelt- a Klimapolitik: D'Oppositioun stellt sech nach vill Froen

Regierungsprogramm CSV-DP

Ëmwelt- a Klimapolitik: D'Oppositioun stellt sech nach vill Froen

Wéi eng Prioritéiten hunn CSV an DP déi nächst fënnef Joer an der Ëmwelt- a Klimapolitik? Déi Fro krut den Ëmwelt- a Klimaminister Serge Wilmes gëschter an der zoustänneger Chamberkommissioun gestallt. An d’Oppositioun war net zefridde mat den Äntwerten, déi si krut.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© SIP / Sophie Margue play_arrow
Déi al Ëmweltministesch Joëlle Wellfring an den neien Ëmweltminister Serge Wilmes. (Foto: SIP / Sophie Margue)

No der Entrevue mam CSV-Minister sot d’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt:

“Ech hu lo vun de Prioritéiten net kënnen eraus héieren, wat se elo déi nächste Méint wëllen ëmsetzen. Bon, Dir hutt jo schonn héiere: si wëllen elo iwwer déi Subside schwätzen, elo am Regierungsrot."

De Serge Wilmes huet ugekënnegt, datt d’Regierung muer um Mëttwoch driwwer beréit, wéi et mat de Subside fir d’energeetesch Sanéiere fir Gebaier soll weider goen. Wéinst der Energiekris hat déi viregt Regierung zejoert entscheet, datt Privatleit fir Photovoltaik, eng klimafrëndlech Heizung oder d’Isolatioun vun hirem Doheem, nach méi vum Staat ënnerstëtzt ginn: mam neie Joer leeft déi temporär Hausse vun de Subsiden awer aus.

“Dës Regierung ass am Gaangen dodrunner ze schaffen, fir ze kucken, éischtens Mol, wat déi Montante waren, déi ausbezuelt gi sinn. An da wäerte mir och eng Decisioun huelen, ob se verlängert ginn oder net. An ech wëll dat net ausschléissen, datt se verlängert ginn. A wann, dann ass et net esou, dass déi legislativ Ännerung muss dëst Joer onbedéngt muss geschéien. Mir kënnen dat och nach maachen um Ufank nächst Joer an da gëtt et retroaktiv applizéiert.”

Kënnen d'Walkampfverspriechen agehale ginn?

Déi viregt Ëmweltministerin, d’Joëlle Welfring vun deene Gréngen, huet fonnt, datt d’Aussoe vum Serge Wilmes net ëmmer mat de Walkampfversprieche vum Luc Frieden iwwertenee passen. Notamment, datt am Bauperimeter guer keng Kompensatioune méi sollen néideg sinn, wann Natur zerstéiert gëtt.

“Wann ech hei nogefrot hunn, krut ech awer d’Äntwert, datt dat awer net tel quel esou ze verstoe wier. Datt een natierlech scho géif kucken, datt d’europäesch Reegele géinge respektéiert ginn, a sou weider. Dat heescht, et ass awer net grad sou: Et komme keng Oplage méi an der Bebauungszon. Sou huet et dann awer net hei geklongen."

Ob déi nei Regierung dee schonn deposéierte Gesetzprojet wëll iwwerhuelen, mat deem déi viregt Ëmweltministerin d’Naturschutzmesuren am Bauperimeter wollt vereinfachen, dorobber wollt de Serge Wilmes sech net festleeën.

"Well effektiv, et gëtt eng europäesch Gesetzgebung, un déi mir eis mussen halen. An dat brauch elo vläicht e bëssen Zäit fir dat am Detail ze analyséieren, mee dat wäerte mir maachen.”

Déi Lénk: De Minister Wilmes setzt am Beiennascht

Déi Lénk mat der Persoun vum David Waner gwollte vum neien Ëmweltminister wëssen, wéi eng Erweiderung vun de Bauperimetere mat dem Schutz vu Klima a Biodiversitéit kompatibel ass. A wéi eng Prozedure genau vereinfacht ginn, ouni domadder der Natur ze schueden.

“Ech hunn den Androck, datt den Här Wilmes an engem Beiennascht sëtzt. Well hie muss u sech déi oniwwerluechten an demagogesch Walcampagne vum Här Frieden ëmsetzen elo an der Ëmweltpolitik an dat gëtt ganz schwéier fir hien.”

D’Piratepartei hat ënnert anerem Froen zu dem soziale Leasing vun Elektroautoe fir Leit mat engem klengen Akommes. Nach géif et dofir kee kloert Konzept ginn, huet de Marc Goergen bedauert. An da misst de Minister kucken, wéi et ka geléngen, datt de Staat d‘Klima-Subside wesentlech méi séier ausbezuelt.

“Mir ginn dem Minister elo seng 100 Deeg an da wäerte mir préiwen, ob hien dat esou ëmgesat huet, wéi et am Accord steet.”

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik
Ëmwelt