Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Ag

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En humanistescht Europa vu muer

Fräie Mikro

En humanistescht Europa vu muer

Bei den Europawalen, déi bevirstinn, steet vill um Spill, an d'Erausfuerderunge virun deenen Europa steet si grouss a mussendréngend ugaange ginn. De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, hofft a sengem Fräie Mikro, datt vill Politikerinnen a Politiker sech der Gravitéit vun der Situatioun bewosst sinn a sech dozou verflichten, déi noutwenneg Moossnamen ze huelen, fir een humanistescht Europa vu muer ze bauen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg (Foto: Archiv)

Aus humanistescher Siicht stellen dës Walen effektiv ee kritesche Punkt duer, wou iwwer déi künfteg Ausriichtung vun der EU an hiren Engagement fir humanistesch Grondprinzippien entscheet gëtt.

Retour vum Nationalismus

Eng vun den zentrale Froen, déi bei dëse Walen um Spill stinn, ass déi vun der Verdeedegung vun de Mënscherechter, der Rechtsstaatlechkeet an der fräiheetlecher Demokratie, géint opkommend anti-demokratesch, totalitär a populistesch Ideologien. A ganz Europa beobachte mir ee beonrouegende Retour vun Nationalismus an ausgrenzenden Narrativen, déi d'Rechter an d'Würd vu marginaliséierte Gruppe bedroen. Mir erwaarden eis, datt Politiker.inne sech kloer an onmëssverständlech dozou bekennen, datt si d'Mënscherechter vun alle Mënsche verdeedege wäerten an Diskriminéierungen an all hire Forme verurteelen.

De Sekularismus ass och op EU-Niveau ee wichtege Grondprinzip, well e sécherstellt, datt Entscheedungsprozesser op kriteschem Denken an op Evidenz baséierten Argumenter stattfanne kënnen an net op reliéisen oder aneren dogmateschen Ideologië berouen. Mir erwaarden eis vun de Politiker.innen, datt si sech fir eng Evidenz-baséiert Politik asetzen an den Afloss vu wëssenschaftsfeindlechen Ideologien, déi de Fortschrëtt ënnergruewen, zeréckweisen.

LGBTQIA+ Rechter

Nieft dem Schutz vun de Mënscherechter an der Demokratie ass et och wichteg, datt d’EU selwer hir Legitimitéit stäerkt an hir demokratesch Prozesser verbessert. Dozou gehéiert, datt d’Zivilgesellschaft verstäerkt agebonne gëtt, datt eng fräi Press ënnerstëtzt gëtt, an datt Desinformatiounen a Lige bekämpft ginn. Eng staark Zivilgesellschaft an onofhängeg Medie sinn noutwendeg, fir Regierungen an Institutiounen zur Rechenschaft ze zéien, fir een informéierten ëffentlechen Discours ze fërderen a fir d’Integritéit vun den demokratesche Prozesser ze garantéieren.

Doriwwer eraus ass d’Erhale vum Recht op Selbstbestëmmung a kierperlech Autonomie vun zentraler Bedeitung fir d’Entwéckele vun enger oppener Gesellschaft, déi individuell Fräiheeten an Entscheedunge respektéiert. Dozou gehéiert kloer och de Schutz vun de Rechter vu Fraen an LGBTQIA+ Persounen an d’Fërderung vun enger inklusiver an toleranter gesondheetlecher a sexueller Opklärung.

Eng existenziell Bedroung 

Schlussendlech sti mir virun enger existenzieller Bedroung duerch de Klimawandel, deen en direkt an ëmfaassend Handele vun der Politik erfuerdert. D’wëssenschaftlech Erkenntnis ass eendeiteg a schonn zanter Jore bekannt. Et muss dréngend gehandelt ginn, éischtens fir d’Emissioune vun Zäregasen ze verréngeren, zweetens fir d’Biodiversitéit ze schützen an drëttens fir den Iwwergang an eng méi nohalteg a regenerativ Wirtschaftsweis ze packen. Mir erwaarden eis vun de Politiker.innen, datt si dem Klimaschutz déi Prioritéit ginn, déi e verdéngt. Mir erwaarden eis awer och, datt si dofir suergen, datt d’Käschte vun där Transformatioun gerecht verdeelt ginn.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

 

Europawalen
Politik a Gesellschaft
Wëssenschaft