Radioen

On air

Notturno  |  Brian Eno - By This River

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Endgülteg gréng Luucht fir EU-Liwwerkettegesetz

All Länner hunn Accord ginn

Endgülteg gréng Luucht fir EU-Liwwerkettegesetz

D‘EU-Staaten hunn elo dem europäesche Liwwerkettegesetz endgülteg gréng Luucht ginn. Vu Bréissel heescht et, all d‘Länner hätten hiren Accord fir dës Pläng ginn. Virun engem Mount hat schonn d‘Europaparlament hei de Wee scho fräi gemaach.

auto_stories

1 min

Deemno kënne grouss Entreprisen ënner anerem zur Recheschaft gezu ginn, wa si vu Mënscherechtsverletzungen an hirer Liwwerkette profitéieren, wéi zum Beispill vu Kanner- oder Zwangsaarbecht.

Mënscherechtskommissioun: Direktiv hätt kënnen nach méi wäit goen

D‘Mënscherechtskommissioun begréisst dës Direktiv. Si géif eng signifikativ Etapp duerstellen am Schutz vun de Mënscherechter an am Klimaschutz, deelt d‘CCDH an engem Communiqué mat.

Allerdéngs geet der Mënscherechtskommissioun dës Direktiv nach net wäit genuch: zu Lëtzebuerg wiere schätzungsweis nëmme 40 Betriber vun der Direktiv betraff an déi nei Richtlinn géif keng Mesurë virgesinn, fir den Affer an hire Vertrieder den Zougank zur Justiz z‘erliichteren.

D‘CCDH fuerdert d‘Regierung an deem Kader dozou op, an der nationaler Ëmsetzung dës Onkloerheeten z‘eliminéieren.