Radioen

On air

Resonanzen  |  Édouard Lalo - Concerto fir Gei, Op. 20, III. Allegro con fuoco - Jean-Jacques Kantorow (Gei), Granada City Orchestra, Kees Bakels (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Eng Enquête géint ee Boeing-Zouliwwerer gouf an d'Weeër geleet

Problemer mat Stécker goufe festgestallt

Eng Enquête géint ee Boeing-Zouliwwerer gouf an d'Weeër geleet

De Parquet vun Texas huet eng Enquête géint ee Fournisseur vu Boeing lancéiert. Viséiert ass Spirit Aerosystems. Beim Zouliwwerer waren an der lescht verschidde Problemer bei Stécker festgestallt ginn.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

Spirit Aerosystems baut de Rumpf an aner gréisser Stécker vun ënner anerem der Boeing 737. Dem Procureur no wier et wéinst Fabrikatiounsfeeler zu enger ganzer Rei vu geféierlechen a beonrouegenden Tëschefäll komm.

Nach am Januar hat eng Boeing 737 Max 9 wärend dem Vol eng Dier verluer. Virun e puer Deeg réischt hat de Generaldirekter vu Boeing Dave Calhoun demissionéiert.