Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DDOS-Attack vu russeschen Hacker op Lëtzebuerger Internetsitten

Russesch Cyberattack

DDOS-Attack vu russeschen Hacker op Lëtzebuerger Internetsitten

Wéinst enger russescher Cyberattack koum de Mëtteg zu Senneng eng Cellule de crise zesummen. Russesch Hacker hu sechs Stonne laang Lëtzebuerger Internetsitte mat enger DDOS-Attack ausser Betrib gesat. Virun allem staatlech Sitte ware viséiert.

auto_stories

3 min

Leschten Update: 18:16

Russesch Hacker hunn haut mat Erfolleg eng Cyberattack op Lëtzebuerg lancéiert. Vun de Moie bis an de spéide Mëtteg waren eng Partie Internetsitten ausser Betrib. Virun allem staatlech Sitte ware viséiert: ënner anerem d’Plattform guichet.lu, mee och d’Sitte vu Ministèren, der Justiz, der Police, der Gesondheetskeess. Zanter 17 Auer sinn déi Sitten nees ze erreechen. D’Sitte vun der Chamber a vum Tageblatt ginn nees zanter 17:45 Auer.  

Russesch Hacker hunn d'Attack ugekënnegt

De russeschen Hackergrupp NoName057(16) huet d’Attack de Moien um 11 Auer op der Internetmessagerie Telegram annoncéiert, wéi mir dat iwwerpréiwe konnten.

Den Haut-Commissariat à la Protection Nationale huet d’Attack de Mëtteg confirméiert. De Premier Luc Frieden, deen zu Bréissel um EU-Sommet ass, huet d‘Cellule de crise convoquéiert. Déi koum de Mëtteg zu Senneng zesummen, ënner der Presidence vun der Digitaliséierungsministerin Stéphanie Obertin.

Servere goufe paralyséiert

Et handelt sech bei der Cyberattack méi genee ëm eng DDOS-Attack. Esou eng Attack huet als Zil, d’Serveren duerch massiven Zoufloss ze blockéieren - esou datt soss kee méi drop ka kommen. 

De Piraten-Deputéierte Sven Clement sot sech am 100,7-Interview verwonnert, datt esou eng DDOS-Attack gegléckt wier. Et wier net déi éischt Attack vun deem Genre, mee den Haut Commissariat à la Protection nationale hätt eigentlech e Programm op Bee gestallt fir esou Attacken ofzewieren.


De Communiqué vun der Regierung:

Perturbations de plusieurs sites Internet de l’État (21.03.2024) Communiqué par : Cellule de crise

Depuis le matin du 21 mars 2024, plusieurs sites Internet de l’État font l’objet d’une attaque cyber DDOS (déni de service distribué). Une attaque DDOS consiste à saturer les ressources informatiques des cibles.

Les services de l’État prennent toutes les mesures nécessaires afin de limiter l’impact de l’incident et de restituer les services au plus vite.

Le Premier ministre a convoqué une cellule de crise. Celle-ci se réunit actuellement afin de discuter des mesures futures adéquates. Sur instruction du Premier ministre, la ministre de la Digitalisation, Stéphanie Obertin, préside la cellule de crise.

Le Premier ministre est informé de manière permanente et activement impliqué dans toute prise de décision.