Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Eng leschte Kéier dreemen: Sténken d’Lompe beim nationale Virentscheet vum ESC?

RTL an Deontologie

Eng leschte Kéier dreemen: Sténken d’Lompe beim nationale Virentscheet vum ESC?

Ass de grousse Comeback vu Lëtzebuerg och gläichzäiteg eng grouss Blamage? Dat ass d’Meenung vum Kollektiv Richtung 22, dee virun zéng Deeg opgedeckt huet, datt zwee Membere vun der Band One Last Time bei I.P. schaffen, a si domat eigentlech misst disqualifizéiert ginn. De Jeff Schinker huet mat der Band a mam Kollektiv geschwat a festgestallt, datt d’Meenungen ausernee ginn, och wat Roll an Zweck vun RTL Eent ugeet.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Den Artikel iwwer One Last Time um RTL Eent Site. (Foto: Jo Diseviscourt)

Soll et fir ee vun den aacht Finaliste vum Nationalen Entscheet vläicht schonn d’One Last Time gewiescht sinn? Kuerz nodeems déi aacht Lidder vun den aacht Finalisten erauskoum sinn an zum groussen Deel gewisen hunn, datt déi sëllegen auslännesch Songwriter, déi de Kandidat*innen Tracks op d’ESC-Moos geschneidert hunn, deemnächst duerch eng K.I. kënnen ersat ginn, koum de Scoop.

Op dem RTL Eent Site – ee parodesch-investigative Projet vum Kollektiv Richtung 22, dat zum Zil huet, d’Hegemonie a Muechtmëssbrauch vun RTL ze entlarven an ze kritiséieren – gouf opgedeckt, datt zwee vun de Bandmembere vu One Last Time bei I.P. schaffen, also enger Duechterfirma vun der CLT-UFA, an domat Deel vun RTL.

Een informative Virsprong?

Dat wier, esou de Kollektiv, problematesch, well et d‘CLT-UFA ass, déi vum deemolege Medieminister Xavier Bettel den Optrag krut, de Virentscheet ze organiséieren. Dobäi kéimen eng ganz Rei aner Problemer: Net just géif ee Reegelwierk vun RTL selwer verstouss ginn, dat ënnert dem Punkt 22, Mataarbechter vun all Zort Concours oder Gewënnspill ausschléissen, mee et wier och héich bedenklech, well een net kéint ausschléissen, datt d’Bandmembere par Rapport zu den anere Kandidaten een informative Virsprong kéinte gehat hunn, ënnert anerem wat d’Ukënnegung vum Retour vu Lëtzebuerg beim ESC selwer ubelaangt. Zudeem wieren an der Pre-Selektioun RTL Mataarbechter*innen an der Jury gewiescht.

Am Interview mat der Band mengt de Sänger an I.P.-Mataarbechter Andrea Galetti, et misst een den Artikel vu Richtung 22 als dat huelen, als wat en ausgeluecht ass: Satir. Richtung 22 gesäit d’Saach awer ganz anescht.


Lauschtert de ganzen Interviewplay_arrow

Aktualitéit
Kultur
Musek