Radioen

On air

Soundcheck  |  Bonnie "Prince Billy" live zu Dublin

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Eran, eraus an elo": Bedeitung a Sënn vun Aarbecht am Prisong muss iwwerduecht ginn

Rechter vun de Prisonéier

"Eran, eraus an elo": Bedeitung a Sënn vun Aarbecht am Prisong muss iwwerduecht ginn

Den Dag vun der Aarbecht géif net virun den Diere vum Prisong ophalen. Dat betount d‘Associatioun "Eran, eraus an elo", déi sech fir d‘Rechter vu Prisonéier asetzt, haut um Donneschdeg an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

Wärend haut un d‘Rechter fir Salariéeën erënnert gëtt, géifen Detenuen hei am Land vu fundamentale Rechter ausgeschloss ginn. Si dierften net streiken oder eng Gewerkschaft grënnen, soss géifen hinne Sanktiounen dreeën. An der sozialer Lutte géife Prisonéier dacks nach vergiess ginn, esou d'Associatioun. Ënner deene Conditioune wier eng Resozialiséierung schwiereg.

Ausserdeem géif d‘Spidolswäscherei vun de Prisongsaarbechter profitéieren, esou nach d‘Kritik. D‘Associatioun fuerdert, datt d‘Bedeitung an de Sënn vun Aarbecht am Prisong missten iwwerduecht ginn.

Soulaang Gefaangener net ënner gewéinlech Aarbechtsrechter falen, géif all Ustrengung fir Reintegratioun just e Wonsch bleiwen, heescht et nach am Schreiwes vun der Associatioun "Eran Eraus an elo".