Radioen

On air

Notturno  |  Arab Strap - Strawberry Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ërem e Superwaljoer

Fräie Mikro

Ërem e Superwaljoer

Déi zwou Walen hunn eppes gemeinsam: Si bestëmmen, wéi mir eis iwwer déi national Grenzen eraus opstellen, wéi mir zesumme schaffen an zesumme liewe wëllen. An de Wieler kann do seng Roll spillen, mengt de Journalist an Auteur Laurent Moyse.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Lescht Joer ass zu Lëtzebuerg vun engem Superwaljoer Rieds gaangen, well d’Chamberwalen an d’Gemengewale kuerz noenee gefall sinn. Dëst Joer ass awer net vill anescht, well och zwee Walgäng op eis duerkommen. Am Mäerz d’Sozialwalen an am Juni d’Europawalen. Béid Urnegäng ginn eis d‘Richtung, wéi mir d‘Zukunft mat eisen direkten Noperen a mat eisen enken Alliéierte gestalte wëllen.

D'Privatwirtschaft rout op de Schëllere vu Frontalieren an Auslänner

Fir d’Sozialwale sinn d’Salariéen opgeruff, hir Vertrieder aus der Salariatskammer ze wielen, grad esou wéi d’Delegéierten an den Entreprisen, déi d’Personal vertrieden. Laut dem Statec besteet den Emploi salarié intérieur aus iwwer 472.000 Leit. Dorënner si 47 %, also bal d’Hallschent, Grenzgänger aus den dräi Nopeschlänner.

Wann ee just d’Residente mat der Lëtzebuerger Nationalitéit betruecht, maachen déi just nach e Véierel vum Emploi salarié aus. Doduerch, datt vill Lëtzebuerger beim Staat schaffen, rout d’Privatwirtschaft hei am Land zu engem ganz groussen Deel op de Schëllere vun auslännesche Matbierger a Frontalieren.

Enthalung schwächt d'Stellung vun de Vertrieder

Och wa wielen net dat eenzegt Mëttel ass, fir seng Participatioun an der Gesellschaft auszedrécken, sou ass et awer wichteg, seng Stëmm all puer Joer ofzeginn, fir d’Demokratie ze stäerken. Bei de leschte Sozialwalen hu just een Drëttel vun de Walberechtegten hiren Ziedel ofginn, wat déif blécke léisst, wat fir eng Bedeitung d’Aarbechtswelt der Representativitéit vun hiren Delegéierte gëtt.

Et kéint ee mengen, datt vill Salariéen am grousse Ganze mat hirem Schicksal zefridde sinn an d’Néidegkeet vum Wielegoen deemno net agesinn. Déi grouss Enthalung schwächt awer déi global Stellung vun hire Vertrieder, déi hir Rechter verdeedege sollen. D’Salariatskammer, dat dierf een net vergiessen, ass eng wichteg Institutioun am demokrateschen Diskussiounsprozess.

D'Zäite vun der EU als Ofstellgleis sinn eriwwer

Eng änlech Tendenz géif et warscheinlech bei den Europawale ginn, wann zu Lëtzebuerg des Walen net obligatoresch wieren. Et kann een dovunner ausgoen, datt an deem Fall d’Enthalung och zimmlech héich wier. Dobäi ass d’Bedeitung vun där Ofstëmmung och ganz wichteg. Lëtzebuerg hänkt staark vu sengen EU-Partner of, souwuel politesch wéi ekonomesch. Vill vun eise Gesetzer hänke mat der EU-Legislatioun zesummen, eis Echangë mam Ausland droen zu eisem Wuelstand bäi, an ons Verdeedegung wier ouni transnationaler Allianz kaum ze meeschteren.

Dofir ass et och wichteg, datt mir Kandidate wielen, déi groussen Asaz am EU-Parlament weisen. Mat sechs Vertrieder huet d’Lëtzebuerg zueleméisseg nëmmen eng kleng Präsenz zu Stroossbuerg, mee de politeschen Afloss kann iwwerproportional grouss ginn, wann déi Gewielten sech äifreg mat den europäeschen Dossiere beschäftegen. Déi Zäit, wou d’EU souzesoen als Ofstellgleis fir ofgenotzte Politiker gegollt huet, ass eriwwer. Vun de Kandidate gëtt ëmmer méi Sachkenntnis an Duerchsetzungsverméige gefrot. An de Wieler kann do seng Roll spillen.

Lauschterenplay_arrow