Radioen

On air

Notturno  |  Q Lazzarus - Goodbye Horses

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erzéiergewerkschaft: Kritik um Ausbau vun der Erzéierausbildung

No Annonce vum Claude Meisch

Erzéiergewerkschaft: Kritik um Ausbau vun der Erzéierausbildung

D‘Erzéiergewerkschaft ALEE vun der CGFP kritiséiert déi rezent Annonce vum Educatiounsminister Claude Meisch iwwert den Ausbau vun der Formatioun vun Educatricen an Educateuren. Et wier net am Virfeld mat de Sozialpartner diskutéiert ginn,

auto_stories

1 min

Educatioun | © Bigstock / jd8
Foto: Bigstock / jd8

Et wier zwar ze begréissen, datt d‘Formatioun erweidert gëtt, well et eng Penurie un Erzéierinnen an Erzéier gëtt, mee, dës Initiativ hätt de Claude Meisch alt nees net am Virfeld mat de Sozialpartner diskutéiert. Esou eng Kritik, an engem Communiqué de Moien, vun der Gewerkschaft.

Si kritiséiert och nach, datt d‘Erzéierausbildung am Lycée Belval, an engem net-spezialiséierte Lycée ugebuede géif ginn. Och dat hätt den Educatiounsminister ouni Austausch mat de Sozial- a Beruffsvetrieder decidéiert, sou de Communiqué vun der Erzéier-Gewerkschaft ALEE/CGFP an hire Partnergewerkschaften.