arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fall Pim Knaff: CSV an déi gréng halen un Escher Koalitioun mat DP fest

CSV an déi gréng

|
reading time

1 min

Fall Pim Knaff: CSV an déi gréng halen un Escher Koalitioun mat DP fest

Den Escher DP-Schäffe Pim Knaff krut gëschter Owend Réckendeckung vun de Koalitiounspartner CSV an déi gréng. Béid Parteien hu keng Demissioun vum Pim Knaff gefuerdert an domat d'Koalitioun mat der DP net a Fro gestallt.

reading time

1 min

Den Affekot an Escher DP-Schäffe war d'lescht Woch wéinst schwéierem Steierbedruch zu enger Geldstrof verurteelt ginn. D'Oppositiounsparteien LSAP an déi Lénk zu Esch fuerderen dowéinst dem Pim Knaff säi Récktrëtt.

Mee d‘Decisioun fir als Schäffen ze bleiwen oder net, léich eleng beim Pim Knaff a bei senger Partei DP, huet den Escher CSV-Buergermeeschter Christian Weis gëschter Owend an engem Communiqué geschriwwen. 

Et hätt et awer keng Onrou an der Aarbecht vum Schäfferot ginn, sot nach den Escher CSV-Buergermeeschter. An d’Positioun vu senger Partei wier kloer: D‘CSV wier derfir, datt de Koalitiounsprogramm zu Esch weider ëmgesat gëtt. 

Déi Escher Gréng hunn erkläert, si wieren enttäuscht iwwer d'Affär an hätte fir sech aner Konsequenze gezunn. Si hätten awer eestëmmeg decidéiert, d‘Aarbecht an der Dräierkoalitioun zu Esch weiderzemaachen.