Radioen

On air

De Weekend  |  Marlon Williams - My Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etüd: Fraen am Kultursecteur zu Lëtzebuerg ënnerrepresentéiert

Kultur

Etüd: Fraen am Kultursecteur zu Lëtzebuerg ënnerrepresentéiert

An der Lëtzebuerger Kulturzeen ass nëmmen ee Véirel vun de professionelle Posten, vu Frae beluecht. Dat ergëtt eng Enquête, déi de CID Fraen a Gender beim LISER an Optrag ginn hat. Besonnesch am Beräich Musek si Fraen an alle Beruffssparte staark ënnerrepresentéiert. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Unsplash play_arrow
Foto: Unsplash

Bei der Etüd koum och eraus, dass d‘Geschlecht och ganz vill ausmécht bei der Besetzung: dat heescht, datt männlech Choreographen zum Beispill och léiwer männlech Dänzer rekrutéieren, oder weiblech Regisseurinne léiwer weiblech Actricen. 

De Beräich vum Danz ass den eenzegen, an deem méi Frae wéi Männer täteg sinn, mat 52 % weibleche Kulturschafenden. Opfälleg ass awer, datt bei de Choreographen, also deenen déi den Toun uginn, iwwer 65 % Männer sinn. Als Erklärung heescht et an der Etüd, datt déi liicht weiblech Dominanz am Beräich vum Danz op gesellschaftlech Normen zréck ze féieren ass, an där de weibleche Kierper an den Zentrum gestallt gëtt.

Am Beräich vum Theater gëllt eng relativ gläich Verdeelung, mat 43 % Fraen. Grad wéi am Danz fält och am Theater op, wa Männer responsabel vun der mise en scène sinn, da ginn och méi Männer agestallt, wärend wa Fraen d’Responsabilitéit hunn, d’Verdeelung vun der Aarbecht méi paritéitesch ass.

D’Geschlechterverdeelung an der klassescher Musik wier frappant, heescht et an der Etüd. Méi wéi 9 vun 10 Auteure vu klassescher Musik si männlech. Just wann et em Soliste geet – da komme Fraen op mol net 30 %.

Och am Beräich vun der sougenannter aktueller Musik – also alles wat net zur klassescher gehéiert, dominéiere Männer: Just 16% vun den Artisten, déi am Kulturjoer 2022-2023 opgetruede sinn, ware Fraen.

D’Resultater géife weisen, esou d’Konklusioun vun der Etüd, wéi wichteg et wier, an der künfteger Kulturpolitik dës Ënnerscheeder vun der Geschlechter ze berécksiichtegen.