Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etude fir den Ausbau vun der N7 op véier Spueren

Tëschent Fridhaff a Wäiswampech

Etude fir den Ausbau vun der N7 op véier Spueren

D’Ministerin fir Infrastrukturen huet eng nei Etude an Optrag gi fir den Ausbau vun der N7 op 4 Spueren tëscht dem Fridhaff an Wäiswampech. Déi soll nach nom Summer ofgeschloss sinn. Jee no Decisioun kéint et mat den Aarbechten och zu Retarde kommen.

auto_stories

1 min

Yuriko Backes | © MAEE
Foto: MAEE

2021 hat d’Chamber schonn een Finanzéierungsgesetz guttgeheescht. Allerdéngs, esou d’Ministerin Yuriko Backes, wieren net all d’Tronçonen an deene Gesetzer esou mat integréiert ginn, wéi dat um Terrain néideg ass. Dowéinst gëtt déi nei Etude realiséiert, a soll nom Summer ofgeschloss sinn.

Um éischten Deel tëscht der Lëpschter-Dellt an der Houschterdéckt konnte schonn d’Grondstécker vum Staat kaf ginn. Déi éischt Aarbechte kéinten am Prinzip d’nächst Joer ufänken. Mat deenen neien Etude kéint et awer ee Retard ginn, jee no Decisioun vun der Regierung, präziséiert d’Infrastrukturministerin Yuriko Backes.

De Retard bei den Aarbechten un der N7 wier bedéngt duerch d’Realisatioun vun neien Ëmweltschutz Studien an Autorisatiounen déi e puer Joer kéinten daueren.

Aktualitéit
Mobilitéit