D'Biller vun de Baueren, déi mat hiren Traktere Stroossen an Autobunne blockéiert hunn, dierfte wuel nach a ville Käpp dra sinn. Déi europäesch Agrarpolitik stoung dowéinst an de leschte Méint dacks am Vierdergrond. Wéi stinn dann déi Lëtzebuerger Europakandidaten zu deem Theema? De Maurice Molitor hat 4 Vertrieder bei sech am Studio.
D'Landwirtschaftspolitik ass eng wichteg europäesch Kompetenz, a si verschléngt och ëmmer nach en décken Deel vum EU-Budget. Dofir ass et interessant ze wëssen, wéi eng ënnerschiddlech Positiounen d’Parteien an deem Dossier vertrieden.
D’Kandidate vu 4 Parteie souzen dowéinst fir eng Diskussiounsronn am Studio 8 vum radio 100,7. Et waren dat de Charles Goerens vun der DP, d’Alexandra Schoos vun der ADR, de Christophe Hansen vun der CSV an de Fabricio Costa vun déi gréng.