Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - America!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europawalkongress: ADR ass iwwerzeegt ee vun de Lëtzebuerger Sëtz ze gewannen

Europawalen

Europawalkongress: ADR ass iwwerzeegt ee vun de Lëtzebuerger Sëtz ze gewannen

"Fir e staarkt Lëtzebuerg an Europa“ – dat ass de Walslogan vun der ADR, dee gëschter Owend hiren Europawalkongress zu Leideleng hat. Eng 90 Parteimember ware komm, déi 6 Kandidaten hunn hir Wal-Schwéierpunkte beliicht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Carole Schimmer

Fir de 9te Juni kandidéiere bei der ADR de Spëtzekandidat Fernand Kartheiser, d’Deputéiert a Parteipresidentin Alexandra Schoos, den Deputéierte Jeff Engelen, d’Sylvie Mischel, den Alex Penning an d’Nicky Stoffel. Et war och Zouversiicht datt d’ADR ee Sëtz bei den Europawale kéint gewannen.

Ënnert den Themen déi am Mëttelpunkt vun de Riede stoungen, war een Europa vun de Natiounen, an d’Eestëmmegkeet bei den Decisiounen an den EU-Ministerconseillen oder um Niveau vum EU-Rot.

De Spëtzekandidat vun der ADR de Fernand Kartheiser vergläicht d’Wäerter vun anere Parteien déi a Regierungskoalitiounen dra ware mat deene vun der ADR.

„Hir Wäerter sinn europäesch Integratioun, europäesch Regierung, an europäesch Dominanz iwwert d’Memberstaaten. Eis Wäerter heeschen, Patriotismus, Fridden a Fräiheet.“

Verbrennungsmotor: Fräie Choix fir de Consommateur

D’Sylvie Mischel huet d’Industriepolitik ugeschwat an d‘Energie an de Verbrennungsmotoren. D’ADR seet dozou, datt de fräie Choix beim Consommateur misst leien.

Och a punkto Santé betount d’ADR-Parteipresidentin Alexandra Schoos, datt d’Santéspolitik déi jo och national bestëmmt gëtt, a keng europäesch Kompetenz ass, datt dat och sou soll bleiwen

A schlussendlech huet d’Nikki Stoffel, déi 6. ADR-Kandidatin sech fir d’Meenungsfräiheet an der EU engagéiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen