Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträit iwwer EU-Fändele beim ESC: Nicolas Schmit kritiséiert d'Haltung vun der EBU

Eurovision Song Contest

Sträit iwwer EU-Fändele beim ESC: Nicolas Schmit kritiséiert d'Haltung vun der EBU

Datt op der Finall vum Eurovision Song Contest keng EU-Fändelen hunn dierfe gewise ginn, wier eng "Mëssuechtung vun der Importenz an dem Sënn" vun deem Fändel, sou de Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit. D'EU-Kommissioun wëll där Saach elo nogoen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

ESC Arena Malmö | © Corinne Cummings / EBU play_arrow
An der Arena zu Malmö ware keng EU-Fändelen ze gesinn. (Foto: Corinne Cummings / EBU)

E Samschdeg goufe bei der Finall zu Malmö Leit mam bloe Fändel mat den 12 giele Stären am Grapp net eragelooss. Dat wier bedauerlech an net novollzéibar, sou de Kommissiounsspriecher Eric Mamer.

“Vun eisem Point de vue aus gëtt et kee Grond, dee Fändel op där Plaz ze verbidden.”

De bloe Fändel mat den 12 giele Stäre wier jo net nëmmen dee vun de 27 EU-Staaten, mee och dee vun de 46 Länner, déi Member am Conseil de l’Europe sinn, dee sech ëm d’Mënscherechter an Europa bekëmmert, sou den Eric Mamer.

EBU: Strikt Fändelspolitik wéinst "ugespaanter geopolitescher Situatioun"

Beim Eurovision Song Contest si normalerweis d’Fändele vun de Länner, déi matmaachen, genee ewéi déi mat Reeboufaarwen, erlaabt, sou d’Erklärung vum Organisateur vum Eurovision Song Contest, d’EBU. Den EU-Fändel wier net formell verbuede ginn, mee wéinst der ugespaanter geopolitescher Lag wier d’Fändelspolitik vum Sécherheetspersonal méi strikt ëmgesat ginn.

Zu deem Argument hat de Spriecher vun der Kommissioun eng däitlech Meenung. Et wier net un enger Organisatioun, déi ee Museksconcours organiséiert, déi geopolitesch Situatioun esou ze bewäerten, sou den Eric Mamer. Et wier grad an deene Momenter, wou ee sollt weisen, fir wéi eng Wäerter ee steet, "y compris avec le drapeau européeen".

Geneeë Grond net kloer

Wat genee mat der ugespaanter geopolitescher Situatioun gemengt gouf, huet d’EBU net kloer gemaach. Zu Malmö ware virum Gebai, an deem d’Competitioun ofgelaf ass, vill palästinensesch Fändele vu pro-palästinenseschen Demonstranten ze gesinn. De bloen Europafändel hat eng wichteg Roll beim Beitrag vum dono disqualifizéierten hollännesche Sänger gespillt.

An net zulescht ass dee Fändel an de Stroossen zu Tiflis a Georgie vun dausende Leit gewise ginn, déi fir demokratesch Wäerter a géint d'Pläng vun der Regierung op d’Strooss gaange sinn. De georgeschen ëffentlech rechtleche Sender, dee vun där Regierung kontrolléiert gëtt, ass och Member vun der EBU. Ob vu georgescher Säit verlaangt gouf, datt keng EU-Fändele sollen op der Finall gewise ginn, ass awer net kloer. 

Nicolas Schmit op EBU-Debat

D’Positioun vun der EBU géing d’Importenz an de Sënn vum europäesche Fändel mëssuechten, sou de Nicolas Schmit. Hien ass als Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialisten nächst Woch den Invité bei engem Debat ënner europäesche Spëtzekandiaten, dee vun der EBU organiséiert gëtt. 

De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, de Margaritis Schinas, deen ënner anerem fir d'Kultur zoustänneg ass, huet ee Bréif un den Organisateur vum European Song Contest geschéckt. D’Decisioun, datt op der Finall keng EU-Fändelen dierfe gewise ginn, géif ee Symbol, wat Europäer zesummebrénge soll, diskreditéieren, sou den EU-Kommissär. Hien a vill anerer géife sech froen, firwat d’EBU stoe géif, sou de Margaritis Schinas, deen d’EBU freet, hir Iwwerleeungen hannert där Decisioun ze erklären.

Lauschterenplay_arrow