Et geet ëm Importer am Wäert vu 95 Milliarden Euro. Betraff wieren eng breet Pallette vun Agrar- an industrielle Produkter, wéi Fleesch, Fësch, Geméis, Uebst, Kären, genee ewéi Pabeier, Kabelen, Deeler aus Stol oder Eisen. Och Autoen an Haushaltsartikelen stinn op der Lëscht.
Et geet och ëm Produiten am Wäert vu 4,4 Milliarden Euro, déi an d’USA exportéiert ginn. Dozou gehéieren zum Beispill Eisen- oder Aluminium-Offall.
Fir déi elo proposéiert nei Douanestaxe lancéiert Bréissel eng ëffentlech Consultatioun, fir Informatiounen iwwer méiglech Konsequenzen aus de betraffene Secteuren ze kréien. Déi Informatioune sollen dann an eng endgülteg Propos fir nei Taxen erafléissen.
D’EU wäert och eng Klo géint d’USA bei der Welthandelsorganisatioun maachen, well déi amerikanesch Taxen der Kommissioun no géint WHO-Reegele verstoussen.