Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FGFC: Transportministerin mëssuecht Sozialdialog

Gewerkschaften

FGFC: Transportministerin mëssuecht Sozialdialog

D‘Transportministerin Yuriko Backes géif de Sozialdialog an d‘Gewerkschafte mëssuechten. Dat ass d‘Kritik vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Wéi FGFC an engem Communiqué schreift, wier hir Personaldelegatioun haut kuerzfristeg informéiert ginn, datt si awer net bei Verhandlungen tëscht dem TICE an dem Transportministère kéint derbäi sinn. Dat wier inakzeptabel, esou d‘Gewerkschaft. D‘Personaldelegatioun misst direkt an déi lafend Verhandlunge mat agebonne ginn.

Der Gewerkschaft no, géif den TICE - den ëffentlechen Transportreseau am Süden - finanziell vum Ministère am Stach gelooss ginn. Eng nei Konventioun géif nach ëmmer op sech waarde loossen.