Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Rossen - Shadow In The Frame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fabienne Hollwege: Artistesch Diversitéit

Sot Emol

Fabienne Hollwege: Artistesch Diversitéit

Musek, Gesank, Cabaret, Schauspill an dat am Theater a beim Film, Schreiwen an och soss divers Konschtgenrë sinn der Fabienne Hollwegenet friem a si fillt sech an de eenzele Genren och doheem.

auto_stories

3 min

headphones

54 min

play_arrow
Foto: S.D

Dat alles ass awer och fir d’Fabienne Hollwege selwer net einfach op e Punkt ze bréngen, well et esou a Welle kënnt a geet. An et och dovun ofhänkt mat wéi enge Mënsche se grad zesumme schafft.

"Ech duerft vill Spillen"

D’Fabienne Hollwege konnt schonn als Kand hir Kreativitéit entwéckelen. Se gesäit et och haut nach als Cadeau, datt se als Kand vill eraus mat Frënn  konnt spille goen.

"Kleng Theaterstécker ze entwéckelen, kleng Geschichten ze schreiwen, ech hunn eng Zäit ganz vill Comicke gemoolt. An d’Musek war scho ganz fréi e Faktor, ech hu mat Gei ugefaangen, Piano gespillt. Gei hunn ech 12 Joer gemaach an och am Jugendmusikorchester zu Tréier gespillt.  Dat war ëmmer e groussen Deel vu mir.”

"Niewebäi war awer och ëmmer den Theater"

D’Fabienne Hollwege huet Theater gemaach, den Theater huet och bei déi Kreativitéit gehéiert an et ass ëmmer méi ginn, wéi an der Schoul zum Beispill.   

Vun der Passioun fir eben artistesch aktiv ze sinn, elo bei de Beruffswonsch eriwwer ze goen, war awer net den initiale Wee fir d’Fabienne Hollwege.

"Ech hat eigentlech de Wonsch Déierendokter ze ginn. Ech hunn da mäin Abitur gemaach a sinn dräi Méint dono gereest mat enger Frëndin an d'Tierkei, Griicheland, Italien.”

Firwat Medezin?

Op der Rees huet d’Fabienne Hollwege sech d’Fro gestallt firwat da Medezin, also Déieremedezin ze studéieren, wann hir ganz Hobbyen ëmmer mat Musek, mat Spillen, mat Theater ze dinn haten.

"An do hunn ech ganz vill iwwerluecht a geduecht, jo mee Schauspiller, Theater dat vereent dat esou gutt. Mat der Schauspillschoul muss ech och Gesangscoursen huelen, do gëtt Chouer, do kann ech all dat vläicht zesumme kréien."

D’Fabienne Hollwege huet dunn hir Schauspillformatioun zu Hamburg gemaach. An am Laf vun der Zäit huet sech dat nach ëmmer weider entwéckelt. De Film koum derbäi oder och nach Formatioune ronderëm d'Stëmm.

Keen Dram onerfëllt loossen

D’Fabienne Hollwege wollt et probéieren, fir net iergendwann zu sech selwer ze soen: Firwat hues de dat net gemaach! Et soll een net mat engem onerfëllten Dram an d’Liewen era goen.

"Dat wier fuerchtbar traureg. A mech erféiert dat heiansdo, wann ech mat Jugendleche schwätzen, datt si da soen si hu Loscht drop, awer datt si d’Gefill hunn si missten entweder Jurist, Dokter, Beamten, Schoulmeeschter ginn, well een domadder Sue verdéngt."

Lauschterenplay_arrow