Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fall Anne-Marie Yim: D'ADR wousst scho Méint laang iwwer problematesch Positioune Bescheed

Politik

Fall Anne-Marie Yim: D'ADR wousst scho Méint laang iwwer problematesch Positioune Bescheed

En ADR-Vizepresident benotzt Symboler aus der däitscher Reichsbürger-Szeen. An d'ADR wousst 100,7-Informatiounen no scho viru Méint, datt déi fréier Vizepresidentin vun der “ADR International” Positioune vertriede géif, déi méiglecherweis vun der franséischer Justiz enquêtéiert ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Dan Hardy, Maks Worozylo, Jean Schoos, Fred Keup | © Cyrille Hill play_arrow
V.l.n.r.: Dan Hardy, Maks Woroszylo, Jean Schoos, Fred Keup (Foto: Cyrille Hill)

D’ADR-Parteispëtzt ass am Februar dëst Joer gewarnt ginn. D’Parteiexekutiv ass der Saach net op de Fong gaangen. Si huet just zréckbehalen, e Grond ze siche fir d’Anne-Marie Yim net mat am Zentrum op d‘Lëscht vun de Chamberwalen ze huelen.

Ufanks der Woch sot de Parteipresident Fred Keup nach, hie géif d’ Anne-Marie Yim "net weider kennen".

“Ech ka jo net wëssen, ob iergendee Member X Lambda iergendwou an der Welt iergendwou soe geet, wou ech näischt dovu weess. Wéi soll ech dat da maachen? Ech weess jo net wat iergendeen zielt. Ausser ech kréien et gesot, wéi an deem Fall.”

Der Parteispëtzt sinn d’problematesch Positioune vun der Anne-Marie Yim awer net nei. De Fred Keup war mam Fernand Kartheiser, Tom Weidig a Gast Giberyen am Februar op enger Reunioun vum Exekutivcomité, wéi iwwert de Fall Yim geschwat gouf. D’Resultat: et sollten Argumenter fonnt ginn, fir si net op eng Wallëscht ze huelen.

An dësem Fall gëtt elo kloer, datt d’ADR d’Anne-Marie Yim trotz enger interner Warnung an hire politesche Positiounen um Poste vun der Vizepresidence vum Ënnergrupp ADR International gelooss huet. Domat konfrontéiert wëllt de Fred Keup keng Stellungnam ginn. De Fall wier erleedegt, well si net méi Member an der Partei wier. D’Anne-Marie Yim huet der ADR no dës Woch aus der Partei demissionéiert, well RTL als éischt iwwert hier Verbindungen zur rietsextremer Civitas rapportéiert hat.

Weidere Fall vu méiglecherweis radikale Positiounen

Et gëtt 100,7-Informatiounen no iwwerdeems e weidere Fall vun engem ADR-Kandidat mat Lienen zu radikale Positiounen. Den Dan Hardy, ADR-Vizepresident a Kandidat fir d’Chamberwale vum 8. Oktober, hat op WhatsApp bis virgëschter Owend als Profilfoto d’Logo vum Supreme Headquarters, Allied Expeditionary Force, kuerz SHAEF. Dat war Haaptquartéier vun den Alliéierten an Europa wärend dem zweete Weltkrich. D’Symbol ass hautzedaags gängeg an der däitscher Reichsbürger-Szen an der verschwörungstheoretescher QAnon-Beweegung. D’ Haaptiddi ass, datt Däitschland ëmmer nach een occupéierte Staat ass, sou den däitsche Verfassungsschutz.

Wéi mir hien um Bord vum ADR-Kongress gefrot hunn, wat dat Bild fir hie bedeite géif, huet hie refuséiert eis eng Erklärung dozou ze gi mat der Bemierkung, d’Press wéilt d’ADR just schlecht maachen. Eng Minutt drop huet den Dan Hardy säi Profilbild geännert. Och dozou wollt de Parteipresident Fred Keup keng Stellungnam huelen.

Weider Unzeeche fir Richtungswiessel vun der ADR

Am Juli war den Alain Vossen schonn op der ADR-Lëscht am Osten ersat ginn an aus der Partei ausgetrueden, nodeems hie wéinst Nazi-frëndleche Facebook-Posten an d'Kritik gerode war.

De fréieren ADR-Member Roy Reding hat seng Ex-Partei no sengem Austrëtt schaarf kritiséiert. Zënter de Wee 2025 (déi vum Fred Keup an Tom Weidig matgegrënnt ginn ass) an d'Partei integréiert ginn ass, hätt sech den Toun vun der Partei no bannen an no bausse geännert. De Roy Reding schwätzt vun engem vëlkeschen Discours. D'Bundeszentrale für politische Bildung definéiert de Begrëff als radikal - nationalistesch Astellung a wichteg Stréimung vum Rietsextremismus. De Roy Reding mengt mat vëlkeschem Discours, datt alles nëmmen op engem Land säin eegent Vollek bezu gëtt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik a Gesellschaft
Noriichten