Radioen

On air

Tockcity  |  The Libertines - Oh Shit

play_arrow Live
search

/ "Ferm zeréckgeruddert": D'Oppositioun reagéiert op der Regierung hir Positioun zur Atomenergie

Nom Luc Frieden sengen Aussoen

"Ferm zeréckgeruddert": D'Oppositioun reagéiert op der Regierung hir Positioun zur Atomenergie

D’Regierung huet hir Positioun zur Atomenergie an der Ëmwelt- an Energiekommissioun verdeedegt. Dat, nodeems de Premier Luc Frieden um Bord vum EU-Sommet zu Bréissel d’lescht Woch gesot hat, déi nei Regierung wier "manner ideologesch a méi zukunftsorientéiert" par rapport zur Atomenergie.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Luc Frieden | © Chambre des députés play_arrow
Foto: Chambre des députés

Zanterhier gëtt et vill Kritik. Mee och wann de Luc Frieden gëschter um Mëttwoch virun der Press preziséiert huet, datt senger Meenung no Atomkraaft keng gréng Energie ass, ass hien net dergéint, datt EU-Suen an déi nuklear Fuerschung solle gestach ginn. 

François Bausch: Ee falsche Message ginn

Fir d’Oppositiounsparteien ass de Premier zeréckgeruddert. De Ben Polidori vun de Piraten fënnt esouguer, de Luc Frieden wier "ferm" zeréckgeruddert. Deem stëmmt och de gréngen Deputéierte François Bausch zou. Mee hie kritiséiert awer, datt et iwwerhaapt zu där Ausso koum.

"Hien huet am Fong e komplett falsche Message ginn, un d’Marchéen dobaussen, déi elo gepoolt sinn op d’erneierbar Energien, op dat, wat mir brauchen déi nächst 20 Joer. An hien huet am Endeffekt eng Technologie rëm an d’Gespréich bruecht, un déi keen, och déi international Fachpress, kee méi dru gleeft, egal wat lénks a riets gesot gëtt, an dat fannen ech schued."

Fir den David Wagener ass déi Lëtzebuerger Positioun zur Atomenergie och no den Erklärunge vum Premier net kloer.

"Do sinn zwou Séilen an enger Broscht, déi matenee kämpfen, mee ech hunn den Androck, datt déi pro-Atom Séil bësse méi staark ass."

Luc Frieden: Atomenergie ass net gréng

Lëtzebuerg wier dofir, datt déi dräi Atomzentrale bei der lëtzebuergescher Grenz a Frankräich an der Belsch zougemaach ginn. D’Regierung hätt och net wëlles, een Atomkraaftwierk zu Lëtzebuerg ze bauen, a Lëtzebuerg wéilt weiderhin op erneierbar Energie setzen. Dës Positioun hat de Premier d’lescht Woch zu Bréissel betount an huet se och gëschter Mëtteg no der Chamberkommissioun virun der Press widderholl.

"D’Regierung huet eng kloer Meenung, datt se fir erneierbar Energien ass, an datt se fënnt, datt déi aktuell Atomreakteren eng ganz Rei vu Sécherheetsfroen opwerfen. An dat war d'Meenung, an dat ass eis Meenung. An dat huet net geännert. Mee dat heescht net, datt mir Anere virschreiwen, wat si solle maachen. Mir musse mat enger gewëssener Bescheidenheet optrieden als klengt Land vis à vis vun eisen Noperen a Kolleegen, déi aner Weeër wéi mir ginn."

De Premier preziséiert iwwerdeems, datt nuklear Energie keng gréng Energie ass. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Ëmwelt