Radioen

On air

Al Schanken  |  David Bowie - Absolute Beginners - Live At BBC Radio Theatre, London, 27th June, 2000

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Finanzkommissioun: Lëtzebuerg net konkurrenzfäeg a Saache Risikokapital a Steierklass 1

Am Virfeld vum Vott iwwer de Staatsbudget

Finanzkommissioun: Lëtzebuerg net konkurrenzfäeg a Saache Risikokapital a Steierklass 1

De Staatsbudget 2024 soll en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt ginn. Am Virfeld dovun, huet d’CSV-Deputéiert a Rapportrice Diane Adehm um Krautmaart de Rapport vun der Finanzkommissioun presentéiert a sech mat der Diversifizéierung vun der Wirtschaft a mat der Zukunft vun der Finanzplaz beschäftegt.

auto_stories

2 min

Foto: Chambre des Deputés

Fir déi “grouss a ganz performant” Finanzplaz weider ze entwéckele soll ënner anerem op de Beräich Fintech gesat ginn, esou d’Rapportrice. Néideg dofir wier et, Start-Upen an dat néidegt Fachpersonal op Lëtzebuerg ze lackelen, esou d’Diane Adehm.

Méi steierlech Attraktivitéit

Fir datt dat geléngt, misst och de steierleche Kader méi attraktiv gemaach ginn.

„Dozou gehéiert sécherlech eng Baisse vun der Kollektivitéitssteier, awer och d’Opsetze vun engem Expat-Regime oder spezifesch Regimmer vu Primes participatives.“

Bei der Steierklass 1 wier Lëtzebuerg net konkurrenzfäeg. Dat selwecht géif fir de Beräich vum Risikokapital gëllen.

„An do musse mir eis Gedanke maachen, wéi mir eis Finanzplaz fir dës Zort vun Investisseuren, méi attraktiv gestalte kënnen.“

Wirtschaft Diversifizéieren

Méiglechkeete fir d’Wirtschaft méi generell ze diversifizéiere gesäit d’Diane Adehm an de Beräicher kënschtlech Intelligenz, Cybersécherheet oder am Beräich vun den Dronen.

„Wa mir déi néideg Mëttel hei zu Lëtzebuerg hunn, se ze steieren, kéint ee sech jo iwwerleeën, ob ee se net och hei baue kéint."

Dronen hätte souwuel zivil, wéi militäresch eng Villzuel un Applikatiounen.

„Datenzenter vu Format“

Fir datt Lëtzebuerg een Technologie-Hub kéint ginn, wier och een “Datenzenter vu Format” néideg, esou d’Budgetsrapportrice.

„Souzesoen, een Datenzenter vu Google, fir eis Visibilitéit an eis Kredibilitéit am Ausland weider auszebauen. Déi lescht Noriichte vu Google ware jo positiv. An ech hoffen dës Regierung huet Erfolleg, wou déi viregt versot huet.“

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft