Radioen

On air

Concert  |  Tscheschesch Mythen a Landschaften

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finnland als Virbild a Saache Fuerschung

Visitt vum Premier Luc Frieden

Finnland als Virbild a Saache Fuerschung

De Luc Frieden ass zënter gëschter um Méindeg op Aarbechtsvisitt a Finnland. Dat op Invitatioun vum finnesche Premier Petteri Orpo. Ophänker vun der Rees ass den 100. Anniversaire vun den diplomatesche Relatiounen tëschent béide Länner. Mee natierlech dominéiert de geopolitesche Kontext. An den Dag vu gëschter stoung am Zeeche vum technologesche Fortschrëtt. Finnland gëllt als Fuerschungsstanduert, a Lëtzebuerg kann dovun eppes léieren, seet de Premier Luc Frieden. 

auto_stories

3 min

headphones

5 min

De Luc Frieden mat der Piia Konstari bei der Visitt vum Technesche Fuerschungszenter VTT | © ME play_arrow
De Luc Frieden mat der Piia Konstari bei der Visitt vum Technesche Fuerschungszenter VTT (Foto: ME)

D’Piaa Konstari ass Directrice vun der Mikrofabrikatioun am Technesche Fuerschungszenter VTT am Norde vun Helsinki. Hei steet den éischte 50 qubit-Quantecomputer, dee ganz an Europa entwéckelt ginn ass. Zënter Mäerz dëst Joer ass en operationell, wéi si erkläert.

"E gëtt genotzt fir héichkomplizéiert Aufgaben ze léisen, zum Beispill fir ganz grouss Datepäck ze optimiséieren, wann et beispillsweis ëm d’Modelléiere vun eenzelnen Atomer an engem Moleküll geet."

D’Asazberäich sinn divers a gi vun der Medezin, iwwer d’Logistik an d'Energiewirtschaft bis bei déi Kënschtlech Intelligenz. 20 Milliounen Euro huet déi finnesch Regierung an de Quantecomputer investéiert, deen an 3 Phasen entstanen ass.

Recherche mam Privatsecteur verbannen

Antëscht gehéiert Finnland zu deene Länner op der Welt, déi déi gréissten Expertis an deem Feld hunn. Ronderëm déi Quantentechnologie wier ee ganzen Ecosytsem entstan, seet d’Piia Konstari vum Fuerschungszentrum VTT, mat deem de Lëtzebuerger Instiute of Science and Technology iwweregens an engem aner Domaine zesummeschafft, nämlech der Biotechnologie.

Wat mécht dat nordeuropäescht Land also richteg? Et wier eng Saach vum Engagement an d'Laangzäitrecherche, an de Fakt datt een dës och kommerzialiséiert, esou d'Piaa Konstari.

"De Quantecomputer ass ee ganz gutt Beispill fir dee Succès vun enger Kommerzialiséierung vun enger Laangzäitrechecrhe. Natierlech gëtt et och ee Finanzéierungssystem, deen eis esou eng Recherche erlaabt."

D’Recherche mam Privatsecteur verbannen. Dat ass och eppes, wat dem Premier gutt gefält.

"An d'Lektioun ass am Fong ze soen, Finnland huet et fäerdeg bruecht an der Innovatioun eng Roll ze spillen, a mir kënne sécherlech dovunner léieren, awer och andeem een tëscht de Länner matenee kooperéiert. Entreprisen, Universitéiten: Et muss ee grenziwwerschreidend an Europa do vir kommen, well d'Amerikaner an d'Chineese schlofen net."

Net direkt u konkrete Resultater schaffen

Wäerte Lëtzebuerg a Finnland dann op dee Punkt net awer Konkurrente ginn? Competitioun belieft d’Geschäft, gëtt de Premier ze verstoen, mee ass net alles.

"Lëtzebuerg mat enger Datesstrategie, enger AI-Strategie, enger Quantum-Strategie, kann eng staark Roll an Europa spillen, mee aleng ass een ni ganz staark. Et muss ee mat anere Saachen zesumme maachen, a grad an engem klenge Land, an engem Beräich, deen nei ass, kann ee vun deem anere léieren, an ech plädéiere méi fir d'Kooperatioun, wéi fir d'Konkurrenz."

Et wier een – wat den technologesche Volet ugeet – a Finnland komm fir nozelauschteren, ouni direkt u konkrete Resultater ze schaffen, esou de Luc Frieden.

Haut um Dënschdeg stinn da politesch Rendez-vousen um Programm, mat notamment der Entrevue mam Premier Petteri Orpo an där mam President Alexander Stubb. Donieft wäert déi Lëtzebuerger Delegatioun, un där och den Haut-Commissaire à la protection nationale deelhëlt, den Europäeschen Excellenzenter fir d’Bekämpfung vun hybrid Menacen besichen, grad wéi ee vun de ville Sécherheetsbunkeren, déi et an der finnescher Haaptstad ginn.

Lauschterenplay_arrow