Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Mann wollt Synagog a Brand setzten a gouf vun der Police erschoss

Rouen

Frankräich: Mann wollt Synagog a Brand setzten a gouf vun der Police erschoss

Zu Rouen a Frankräich huet d‘Police um Freidegmoien e Mann erschoss, deen eng Synagog a Brand wollt stiechen.

auto_stories

1 min

Franséisch Police (Foto: Archiv)

De Mann deen zu Rouen en Attentat op eng Synagog wollt maachen, war eng gesichte Persoun, sot den Inneminister Gérald Darmanin. Et wier en antisemitteschen Akt, dee ganz schlëmm wier, esou den Inneminister. De Polizist deen de Mann erschoss huet, géif eng Auszeechnung kréien. 

D‘Police war um Freidegmoie geruff ginn, well Damp aus dem Gebai koum. Wéi d‘Beamte bis op der Plaz waren, hu si e Mann fonnt, dee mat Messer an enger Eisestaang op si duergoung. E Polizist huet hien erschoss. 

Den Innenminister Gerald Darmanin huet de Polizisten iwwert X fir hire Courage an hir Reaktiounsfäegkeet gratuléiert.