Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich debattéiert d'Ecocontributioun fir Ultra Fast Fashion

Moud

Frankräich debattéiert d'Ecocontributioun fir Ultra Fast Fashion

An der franséischer Assemblée Nationale gëtt haut e Gesetzesprojet presentéiert, deen der sougenannter Ultra Fast Fashion de Kampf useet. Dës Moudemarken, déi mat hirer Offer d’Klima an d’Ëmwelt schiedegen, sollen an Zukunft e spezielle Malus bezuelen. Och dierfe si keng Reklamm méi maachen an hir Clienten iwwer den ekologeschen Impakt vun de Kleeder informéieren. Eng Korrespondenz vum Max Tholl

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Ultra Fast Fashion ass Moud, déi ganz bëlleg an an immens héijer Quantitéit produzéiert gëtt. An d’Textilindustrie ass fir schätzungsweis zéng Prozent vun de weltwäiten Zäregasemissioune responsabel. Prognosen no kéint dëse Pourcentage bis 2050 souguer op 26 Prozent klammen. De Grond si laang Transportweeër, eng energie- a waasserintensiv Produktioun a vill Offall, dee muss verschafft ginn.

Klima- an ëmweltfrëndlech Marke solle belount ginn

Groussen Undeel dorun huet déi sougenannt Ultra Fast Fashion, déi “Wegwerfmode” zu héijen Ëmweltkäschten produzéiert. An der franséischer Loi anti-gaspillage gëtt et eng sougenannt Ecocontributioun, déi vu Produzente fir gewëss Artikele muss bezuelt ginn, a woumadder d’Entsuergung an de Recycling vun dëse Produite finanzéiert gëtt. Hei setzt och de Gesetzestext géint d’Ultra Fast Fashion un.

Amplaz e puer Cent pro Artikel sollen d’Produzente vun der Wechwerfmoud eng däitlech méi héich Ecocontributioun bezuelen, wéi d’Anne-Cécile Violland erkläert. Si ass Deputéiert vum Grupp Horizons a presentéiert haut de Gesetzesprojet.

“Chaque vêtement qui sera extrêmement polluant de par sa fabrication ou son acheminement, sera pénalisé jusqu’à dix euros - c’est l’objectif 2030.”

D’Suen aus dësem Mechanismus sollen och dofir genotzt ginn, eng Zort Bonus un déi Textilentreprisen auszebezuelen, déi klima- an ëmweltfrëndlech produzéieren. Et misst awer och en Ëmdenke bei de Konsumente stattfannen, esou d’Anne-Cécile Violland.

“(…) mais aussi de pouvoir sensibiliser l’acheteur à la nécessité de mieux utiliser les produits et peut-être de les porter plus longtemps.”

D’Zesummenaarbecht mat Influencer gëtt bestrooft

Dëst Ëmdenken bei de Konsumenten ass e laangwieregen Prozess, dat seet och d’Julia Faure. Si bedreift de klimafrëndlecht Moudelabel Loom a seet, nach ëmmer géing et een Haaptkrittär fir d’Leit beim Kleederchoix ginn: 

“Si on regarde toutes les études conso, la première raison d’achat des vêtements, c’est le prix.”

D’Ultra Fast Fashion zeechent sech der Julia Faure no och duerch een aggressive Marketing iwwer d’sozial Netzwierker aus. De Gesetzesprojet gesäit dofir och vir, datt dës Marke keng Reklamme méi dierfe maachen an d’Zesummenaarbecht mat Influencer bestrooft gëtt, esou d’Anne-Cécile Violland. Momentan wieren dës Strofe bei 100.000 Euro fir Entreprisë plafonéiert, mee et wéilt ee méi Spillraum hei.

“Mais, potentiellement, on s’autorise aussi à aller demander une amande qui est équivalente au montant investi pour la publicité”

Natierlech wieren d’Klima- an d’Ëmweltschied just eng negativ Konsequenz vun der Wechwerfmoud, dofir soll dëse Projet de loi och just eng éischt Etapp sinn. Duerno misst een och de Fokus op d’Aarbechtskonditiounen hei leeën, seet d’Anne Cécile Violland.

D’Regierung an och d’Oppositioun wëllen den Text ënnerstëtzen.

Lauschterenplay_arrow

 


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.