Radioen

On air

Am Buedmantel  |  The Bures Band - Birds Nest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franz Fayot: “Ech ginn op Bréissel, wann ech gewielt ginn”

Europawalen

Franz Fayot: “Ech ginn op Bréissel, wann ech gewielt ginn”

Dee fréieren LSAP-Wirtschaftsminister huet an eiser offizieller Table ronde virun den Europawale keen Zweifel dru gelooss, datt hien e Mandat als Europadeputéierte géif unhuelen.

auto_stories

2 min

headphones

116 min

play_arrow
Franz Fayot (Foto: Archiv)

“Meng Äntwert ass ganz kloer: Jo,” esou de Franz Fayot, wéi hie gefrot gouf, ob hien an d’Europaparlament géif goen, wann hie gewielt gëtt. 

Et ginn awer weider Zweifel, ob all d’Kandidaten op der LSAP-Lëscht dat esou wëlle maachen. Mam Liz Braz an dem Mars Di Bartolomeo hunn zwee LSAP Kandidate bis elo nach keng eendeiteg Ausso dozou gemaach. An och de Franz Fayot wollt sech net dozou äusseren, ob déi zwee e Mandat am Europaparlament géifen unhuelen. “Dir hutt mech elo haut hei invitéiert, an ech äntweren Iech elo, wat ech géif maachen,” esou de fréiere Wirtschaftsminister. 

Nieft dem Franz Fayot vun der LSAP waren am zweeten Deel vun eiser offizieller Table ronde och déi gréng, déi Lénk, d’ADR, d’Kommunisten an d’Pirate vertrueden, fir iwwer déi europäesch Wirtschaftspolitik ze diskutéieren. 

De ganzen Debat kennt Dir hei kucken. 

 

Lauschterenplay_arrow