Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geheimdéngschter rechne mat enger imminenter iranescher Attack op Israel

Noen Osten

Geheimdéngschter rechne mat enger imminenter iranescher Attack op Israel

D‘Situatioun am Noen Oste spëtzt sech zou: Geheimdéngschter ginn dovunner aus, datt eng iranesch Attack op Israel imminent ass. Den US-President Joe Biden huet zu Washington den Teheraner Regimm do virdru gewarnt, an nach emol kloer gemaach, datt d‘USA fest un der Säit vun Israel stinn.

auto_stories

1 min

Iran | © picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl
Foto: picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl

D‘USA sinn am gaangen hir Militärpresenz an der Regioun ze verstäerken. Europäesch Länner ewéi Däitschland, Groussbritannien a Frankräich hunn un hir Landsleit appelléiert, den Iran ze verloossen, an hunn och virun aktuelle Reesen an d'Land gewarnt.

Iwwerdeems huet Israel gëschter nach emol d‘Interventioun an der Gazasträif an och op d‘Positioune vun der Hisbollah am Libanon verstäerkt. Dat mat massive Rakéitenattacken.