Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Cold Cold Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léon Gloden: De Prinzip vum Abezuelen an de Fonds de l'emploi brauch eng Reform

Gemengepolitik

Léon Gloden: De Prinzip vum Abezuelen an de Fonds de l'emploi brauch eng Reform

De System vun de Contributiounen, déi d‘Gemengen an de Fonds de l‘emploi mussen abezuelen, misst reforméiert ginn. Dat schreift den Inneminister Léon Gloden an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Lies.  

auto_stories

1 min

Eng Loftopnam vun der Gemeng Wëntger. (Foto: Chris Enders)

Dee System wier nämlech net gerecht an et géife grouss Ënnerscheeder tëscht de Gemenge ginn.

Dee komplexe Mechanismus géif dozou féieren, datt zanter 2021 manner wéi een Drëttel vun de Gemengen an de Fonds de l‘emploi abezuelen. A verschidde Gemenge géife méi an de Fonds de l‘emploi abezuelen, wéi se missten. Sou Gemenge sinn zum Beispill Wëntger, Wäiswampech, Kiischpelt, d‘Stauséigemeng, Park Housen, Buerschent a Wanseler.

Dofir géif ee Gesetzesprojet ausgeschafft ginn, fir dee System méi gerecht ze maachen, sou den Inneminister a senger Äntwert.