Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georgien: Weider Protester géint ee Gesetz, dat Oppositioun a Kritik ënnerdrécke kéint

Protester zu Tiflis

Georgien: Weider Protester géint ee Gesetz, dat Oppositioun a Kritik ënnerdrécke kéint

A Georgie ginn et weider Protester géint dat geplangtent neit Gesetz, dat den auslänneschen Afloss op Georgie soll limitéieren. D‘Protester dauere scho wochelaang un. Och hënt waren nees Dausenden Demonstrante virum Parlament zu Tiflis.

auto_stories

1 min

Georgien Fändel | © picture alliance / photothek | Thomas Trutschel
Foto: picture alliance / photothek | Thomas Trutschel

Am Parlament zu Tiflis soll definitiv iwwer d‘Gesetz ofgestëmmt ginn. D‘Kritiker fäerten awer, datt d‘Regierung d‘Gesetz notze wëll, fir nom russesche Modell Oppositioun a Kritik a Georgien ze ënnerdrécken. Si soen och, d‘Gesetz wier kontraproduktiv fir den ugestrieften EU-Bäitrëtt vu Georgien.

Och d‘EU huet déi georgesch Regierung opgefuerdert, d‘Gesetz zeréckzezéien. Der däitscher Noriichtenagence no hätten eng Dosen EU-Ausseministeren dem EU-Chefdiplomat Josep Borell an dem zoustännege Kommissär Oliver Varhelyi e Bréif geschéckt, fir vun hinnen eng Stellungnam ze fuerderen, iwwert d‘Konsequenzen, déi dat geplangtent Gesetz op den EU-Bäitrëttsprozess vu Georgie kéint hunn.

Eisen Informatioun no huet Lëtzebuerg dee Bréif net mat ënnerschriwwen.