Radioen

On air

De Weekend  |  Edgar Homeros - Say It's Over

play_arrow Live
search

/ Geplangten Attentat op de Concert vun der Lady Gaga konnt verhënnert ginn

Brasilien

Geplangten Attentat op de Concert vun der Lady Gaga konnt verhënnert ginn

Déi brasilianesch Police huet eegenen Aussoen no e geplangten Attentat op de Concert vun der Lady Gaga zu Rio de Janeiro verhënnert. Déi amerikanesch Sängerin huet e Samschdeg den Owend gratis op der Copacabana Plage viru méi wéi zwou Millioune Leit gespillt.

auto_stories

1 min

picture alliance/dpa | Philipp Znidar | © picture alliance/dpa | Philipp Znidar
Concert vun der Lady Gaga op der Copacabana (Foto: picture alliance/dpa | Philipp Znidar)

D'Police sot, e Grupp hätt virun allem Jonker rekrutéiert fir Attentater mat Sprengstoff a Molotowcocktailer um Concert ze maachen. Déi Verdächteg hätten domat wëlle berüümt op de Soziale Medie ginn. De Chef vum Grupp an een Teenager wiere festgeholl ginn, esou déi brasilianesch Police.