Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gesetzesprojet fir d'Adoptioun opzemaachen: CCDH weist sech zefridden

Consultativ Mënscherechtskommissioun

Gesetzesprojet fir d'Adoptioun opzemaachen: CCDH weist sech zefridden

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun begréisst de Gesetzesprojet deen d‘Adoptioun soll opmaachen. Mam Gesetzesprojet 8228 geet d‘Adoptioun och fir Leit op déi enger fräier Partnerschaft liewen, respektiv fir Eenzelpersounen. D‘CCDH gesäit dat generell positiv, huet awer eng Rei vu Remarken.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / Khorzhevska play_arrow
Foto: Bigstock / Khorzhevska

Méiglech ass mat dem Gesetz och d‘Adoptioun duerch de Partner, also genee esou wéi dat bei klassesche Partnerschaften de Fall ass. Déi consultativ Mënscherechtskommissioun gesäit den Text generell positiv well domadder eng ganzer Rei vu gesellschaftlechen Entwécklunge géif Rechnung gedroe ginn.

Maximal Altersdifferenz vu 45 Joer net novollzéibar

Net wierklech novollzéie kann een awer d‘Limitéieren op maximal 45 Joer tëscht dem wou adoptéiert an der Persoun déi adoptéiert gëtt. D‘Laura Carocha vun der CCDH erkläert, datt d‘Mënscherechtskommissioun net grondsätzlech géint sou eng Altersgrenz ass, mee datt een dobäi misst flexibel bleiwen. Et géif keng Erklärung fir déi doten Altersgrenz am Gesetzesprojet stoen.

An de mannste Länner gëtt et iwwerhaapt eng Altersgrenz an et géife sech ganz vill Froe stellen. Sou zum Beispill am Fall vun enger Adoptioun duerch Fleegeelteren oder eng Adoptioun duerch de Partner.

Léiwer eng grouss ugeluecht Reform

D‘CCDH hätt et dann och léiwer gesinn, wann een hei op de Wee vun enger genereller, méi grouss ugeluechter Reform gaange wier amplaz punktuell nozebesseren.

Zum Beispill ginn zwou lesbesch Fraen déi an engem Partenariat liewe bis elo net automatesch als Elteren ugesi wann eng vun hinnen e Kand per kënschtlecher Befruchtung kritt. Dat soll an engem zweete Gesetzestext gereegelt, wat der CCDH no net ideal wier.

Interêt läit ëmmer beim Wuel vum Kand

Präziséiert gëtt dann och dat et kee Recht op e Kand gëtt mee dat den éischten Interêt vun der Adoptioun ëmmer beim Wuel vum Kand läit. Den Objektiv vun der Adoptioun wier deemno dem Kand Elteren ze ginn an net ëmgedréint.

D‘CCDH begréisst an dem Kontext dat d‘Zoustëmmung vum Kand net méi un en Alter gebonnen ass mee un d‘Entscheedungsfäegkeet vum Kand. Hei misst awer nach méi kloer gereegelt ginn, wéi d‘Kand sech dozou kann äusseren.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft