An der EU gëtt eng exakt Lëscht geféiert, wou festgeluecht ass, wéi eng Gesondheetsverspriechen erlaabt sinn, wéi z.um Beispill datt Biotin d’Nervesystem ënnerstëtzt. A ville Fäll goufe Propositiounen zu sougenannte Botanicals awer zeréckgewisen, oft wéinst feelender wëssenschaftlecher Basis.
D’EU-Kommissioun huet d’Bewäertung vun dësen Aussoen dowéinst op Äis geluecht. De Geriichtshaff huet elo kloergestallt: Esou Aussoen dierfen net benotzt ginn, wann se net op der offizieller Lëscht stinn, ausser et gëtt eng speziell Ausnamereegelung, déi hei net virläit.