Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréng Luucht fir Reform am ëffentlechen Déngscht

Chamber

Gréng Luucht fir Reform am ëffentlechen Déngscht

D’Chamber huet um Mëttwochmëtten eestëmmeg gréng Luucht gi fir déi ënnescht Carrièren am ëffentlechen Déngscht beim Staat nei ze strukturéieren. Donieft goufen och Punkten aus dem neie Gehälteraccord ëmgesat. D’Verännerunge betreffen dausenden Agenten a Fonctionnairen. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Chamber | © Chambre des Députés / flickr play_arrow
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

Déi aktuell 27 Carrièrë ginn elo a 4 Carrièren C1 an C2 regroupéiert, mat jeeweils 5 Graden. Duerch déi Harmoniséierung wäert et fir d’Beamtinnen a Beamte méi einfach sinn, vun enger Verwaltung an déi aner ze wiesselen. 

Et gëllt elo eng Transitiounsphase, duerch déi garantéiert gëtt, datt all eenzel Beamtin oder Beamten seng Anciennetéit behält an näischt a senger Rémunératioun verléiert.  

Trotz dëser Ännerung wäerten awer nach verschidden Ongerechtegkeete bestoe bleiwen, esou huet et an der Chamber geheescht. Iwwer 5.000 Beamten, dovunner 3.800 Fonctionnairen, si vun dëser Ännerung betraff.

De Minister vun der Fonction publique, de Serge Wilmes, an den Inneminister wëllen d’Reform och séier op de Gemengesecteur ausdeenen.

Gehälter ginn erhéicht – trotz Bedenken iwwer Budget

Zousätzlech huet d’Chamber zwou Mesuren aus dem neie Gehälteraccord mat der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP gestëmmt.

De Punktewäert gëtt ëm 2 Prozent réckwierkend op den 1. Januar 2025 erhéicht, mat enger weiderer Plus vun 0,5 Prozent am Januar 2026.

Fir déi sougenannt „Poste à responsabilité“ ginn et zousätzlech 7 Punkten ab dësem Joer. Dës Erhéijunge betreffe ronn 37.500 Leit a kaschten de Staat ronn 195 Milliounen Euro iwwert zwou Joer.

D’ADR-Deputéiert Alexandra Schoos huet Bedenke wat déi budgetär Situatioun vum Staat ugeet.

Den zoustännege Minister vun der Fonction publique de Serge Wilmes bemierkt datt dee gesamten Accord mat der CGFP méi een héije Käschtepunkt wäert hunn.

Lauschterenplay_arrow