Radioen

On air

Iwwer de Wolleken  |  Bill Callahan - Coyotes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grenzkontrollen an Däitschland: Nach bleift alles onverännert

Keng nei Instruktioune fir d'Police

Grenzkontrollen an Däitschland: Nach bleift alles onverännert

Den Ament gëtt et keng Ännerunge bei de Kontrollen op der däitsch-lëtzebuergescher Grenz. Dat deelt Bundespolizeiinspektion Trier mat. Virdrun hat den Inneminister Léon Gloden gesot, datt den Accord, deen am Mee iwwert d’Grenzkontrolle wärend der EM ofgemaach gi war, net respektéiert géif ginn.

auto_stories

1 min

Police Däitschland | © picture alliance / dpa | Matthias Balk
Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk

Deen hätt virgesinn, datt d’Kontrollen net op der Bréck sollen duerchgeféiert ginn, mee am Hannerland.

D’Nancy Faeser hätt dem Léon Gloden eegenen Aussoen no elo garantéiert, datt den Accord soll respektéiert ginn. Si géif den zoustännege Servicer kloer Instruktiounen dozou ginn.

Dem Stefan Döhn vun der däitscher Policeinspektioun no, wier nach keng Instruktioun komm.

"Wir kontrollieren so wie seit dem 7. Juni zu Beginn der wieder eingeführten Binnengrenzkontrollen, die ja bis zum 19.7. gehen. Was Luxemburg betrifft kontrollieren wir an vier Orten stationär. Einmal auf der Autobahn 64, einmal in Wasserbilligerbrück, in Echternacherbrück und in Wellen. Jeweils natürlich auf deutschem Hoheitsgebiet, nicht auf irgendeiner Brücke, sondern auf deutschem Hoheitsgebiet und auf der Autobahn 64 am Ende der Baustelle."

Op d’Kritik, datt d’Grenzkontrolle Stau géife verursaachen, seet de Stefan Döhn, datt een deen Zesummenhang net onbedéngt kéint maachen. Op der Autobunn géif e Chantier zënter Méint scho fir Stau suergen. Hien huet och fir Verständnes bei de Leit gefrot.