Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussen Debat zu Bréissel - Och den Nicolas Schmit ass dobäi

Europawalen

Groussen Debat zu Bréissel - Och den Nicolas Schmit ass dobäi

Um 15 Auer ass am Europaparlament zu Bréissel eng Debatt mat den europäesche Spëtzekandidate vu fënnef Parteien. Et diskutéieren do ënneren anerem d’Ursula von der Leyen, déi aktuell Presidentin vun der Europäescher Kommissioun a Spëtzekandidatin vun der Europäescher Vollekspartei, de Nicolas Schmit - Tête de Liste vun den europäeschen Sozialisten an de Sandro Gozi vun de Liberalen iwwert ganz verschidde Sujeten.

auto_stories

1 min

Nicolas Schmit | © European Parliament
Den Nicolas Schmit zu Bréissel um Eurovision Débat 2024. (Foto: Eurovison)

Dobäi wäerte sécher d’Majoritéiten a méiglech Koalitiounen am zukënftegen Parlament wäerten an deem Débat sécher zuer Sproch kommen. Koalitiounen mat der extremer Droite wire fir d’Sozialisten ausgeschloss, sot dozou kuerz vrum Débat de Nicolas Schmit. Dat nämmlecht hunn och d’Vertriederin vun deene Gréngen, Terry Reintke an de Liberalen Sandro Gozi betount.

Beim Débat si keng Représentanten vun den zwou rietese Fraktiounen am Parlament derbei - dat wëll si offiziell keng Spëtzekandidaten fir d’Europawahlen nominéiert hunn.