Radioen

On air

Tockcity  |  Vulfpeck - In Real Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 6

2. Staffel vum Doku-Podcast Zeenewiessel

Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 6

Mat hirer Decisioun der Caritas an der Suite vum Milliounebedruch bis op Weideres keng Sue méi ze iwwerweisen, huet d'Regierung am Summer 2024 de Kader gesat. An de Caritas-Krisecomité huet doropshin ënner groussem Zäitdrock no Léisunge gesicht. Sinn déi richteg Decisioune geholl ginn?

auto_stories

73 min

Pia Oppel Salut! Eng kuerz Audio-Noriicht, fir ze dokumentéieren, wat haut geschitt.   

  

Léonardo Kahn Mëttwoch, 4. September 2024. D’Regierung huet hir éischt offiziell Reunioun no der Summerpaus.  

Pia Oppel Et ass Regierungsrot de Moie gewiescht a mir kruten am Virfeld just d'Informatioun, datt och d'Caritas op der Dagesuerdnung steet. 

  

Léonardo Kahn Déi kathoulesch Organisatioun steet nom Milliounebedruch kuerz virun der Faillite. D’Zäit fir ee Rettungsplang gëtt ëmmer méi knapp. 

  

Pia Oppel Mee vu datt déi Gestioun vun der Kris am ganz, ganz klenge Krees leeft. Wie weess, wat dann de Luc Frieden haut de Mëtteg wäert soen?  

  

Luc Frieden Bonjour Dir Dammen an Hären, wëllkomm zeréck aus der Summervakanz. 

  

Léonardo Kahn Zum Schluss vun der Pressekonferenz dann, annoncéiert de Premier, datt bis Oktober eng nei Caritas soll gegrënnt ginn. 

  

Luc Frieden Bis se déi richteg Membere fonnt hunn, bis se d'Sue fonnt hunn, vun deenen déi nei Caritas ze grënnen. 

  

Léonardo Kahn Et sollt anescht kommen. Eng nei Caritas ass net entstanen. Mee bei enger Ausso ass de Luc Frieden zënter där Pressekonferenz vun Ufank September bliwwen. 

  

Luc Frieden Ech hunn ëmmer gesot, datt d'Regierung alles wäert maachen, fir datt déi Aktivitéite kënne weidergeféiert ginn. 

  

Léonardo Kahn Mee wat genee huet d’Regierung gemaach an deenen zwee Summerméint? No deenen d’Caritas da schlussendlech alleguer hir Aktivitéite verléiert? 

  

Taina Bofferding Ech erënneren drun, de Premier huet gesot, et wier Chefsaach. 

  

Marc Baum Mir mengen, datt dee Krisemanagement vun der Regierung éischter ganz schlecht war. 

  

Léonardo Kahn Mäin Numm ass Léonardo Kahn an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Carambolage heescht eis zweet Serie am Zeenewiessel. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schifleeft wat nëmme schiflafe kann, verziele mir an aacht Episoden. Eng Recherche vum Pia Oppel a Jean-Claude Franck.

  

Episod 6: Politesch Decisiounen.

 

Léonardo Kahn De Milliounebedruch bei der Caritas ass de 16. Juli 2024 opgeflunn. An direkt ass kloer, fir ee Rettungsplang bleift just ganz wéineg Zäit. Mir hu lo grad héieren, datt bis ufanks September keng Informatiounen ëffentlech gi sinn, wéi d’Caritas genee kéint gerett ginn. Pia, Jean-Claude, wat ass an deene Wochen dertëscht genee geschitt? 

 

Pia Oppel Ma ënner anerem ass eppes ass ganz Banales geschitt. Nämlech d’ganzt Land huet sech Enn Juli an déi gewinnte Summerpaus verabschit. 

 

Djuna Bernard Si mir éierlech, d'politesch Welt daucht spéitstens Enn Juli bis den August iergendwann eng Kéier zimmlech ënner. 

 

Jean-Claude Franck Genee wärend där Summerpaus huet d’Kris bei der Caritas musse geréiert ginn. 

 

Luc Frieden Mir konnten net soen, da kucke mir dat nom Summer. Nee, dat net. 

 

Pia Oppel An eréischt am Hierscht, wéi d’Decisioune schonn all geholl sinn, entsteet dann eng ëffentlech Debatt, wat een hätt missen anescht maachen.  

 

Léonardo Kahn Dat heescht? Hätt dës Geschicht da kënnen anescht ausgoen, hätt d’Caritas kënne gerett ginn? 

 

Jean-Claude Franck Genee déi Fro hu mir deene Leit gestallt, déi d’Decisiounen an deene Summerwoche geholl hunn. An awer och deene Leit, déi dës Decisiounen duerno am Hierscht kritiséiert hunn. 

 

Pia Oppel Mir verzielen d’Geschicht vun deem Summer ‘24 an dëser Episod also aus méi Perspektiven. Ugefaange mat där vun der Regierung. Well déi huet ufanks de Kader gesat. 

  

Pia Oppel Moien, Pia Oppel vum radio 100,7. Mir sinn hei fir en Interview mam Här Frieden. 

 

Luc Frieden Ech ka mech dat ganz gutt erënneren, well en fait huet d'Madamm Jacobs mir owes spéit en SMS gemaach, ech misst si uruffen. 

 

Jean-Claude Franck De 16. Juli owes kritt de Luc Frieden déi SMS. D’Presidentin vun der Caritas, d’Marie-Josée Jacobs, schreift him. 

 

Luc Frieden Dat ass jo eng fréier Kolleegin aus der Regierung, dofir hat si meng Nummer. 

 

Pia Oppel Datt d’Caritas 61 Milliounen Euro geklaut krut, gëtt de Premier dann den Dag duerno gewuer. 

 

Luc Frieden A moies huet si mer nach eng Kéier en SMS gemaach, ech misst hir dréngend uruffen. 

 

Jean-Claude Franck An dat mécht de Luc Frieden éier hien op de Büro fiert. 

 

Luc Frieden An do huet si gesot, ech muss dir soen, et ass eppes ganz Schreckleches geschitt, d'Caritas ass Faillite. Mir hunn all eis Sue verluer.

An do sot ech zu hir, mee wéi ass dat da méiglech? Ech hu guer näischt verstanen. An do huet si gesot, mir wëssen och näischt. Si huet gekrasch a si huet gesot, all eis Sue si fort.

 

Pia Oppel Dat Gespréich féieren de Luc Frieden an d’Marie-Josée Jacobs de 17. Juli. Op engem Mëttwoch. En Dag, op deem och eng Reunioun vun der CSV-DP-Regierung ass.  

 

Pia Oppel Dat heescht? Wéi Dir dann de Regierungsrot gaange sidd domadder, war do scho kloer, mir mussen elo hei an iergendeng Zort vu Krisemodus, Krisegestioun ëmklammen oder a wéi engen Terme versicht een dat gräifbar ze maachen, deen Ament? 

 

Luc Frieden Krisen ass eppes, wat eigentlech bréngt mech ëmmer zu enger gewëssener Toppform. An deem Sënn, dat kléngt elo komesch, datt ech mir da soen, esou, elo muss de hei de kale Kapp behalen. An et huet mech och direkt erënnert un aner Krisen, notamment och un d'Finanzkris. 

 

Jean-Claude Franck Ee Verglach, deen an der Caritas-Affär dacks gemaach gouf. Well 2008, wéi de Luc Frieden Finanzminister war, huet de Lëtzebuerger Staat Milliarden investéiert fir zwou Banken ze retten. 

 

Pia Oppel An eng Rettung, dat schéngt och bei der Caritas ufanks de Plang gewiescht ze sinn.

Luc Frieden Direkt géing ech soen, a mengem Kapp war mir kloer, hei muss de Staat hëllefen, well d'Implicatiounen enorm grouss sinn. 

 

Jean-Claude Franck Dem Procès-verbal vum Verwaltungsrot vun der Caritas, deen dann owes de 17. zesummekënnt, do steet Är éischt Reaktioun dran, déi d'Marie-José Jacobs do am Verwaltungsrot erëmginn huet.

 

Pia Oppel An zwar, de Staat hëlleft der Caritas finanziell, fir datt se ka weider funktionéieren. 

 

Jean-Claude Franck Ass et dat, wat Dir hir effektiv do gesot hutt? 

 

Luc Frieden Ech ka mech natierlech net un de geneeë Wording erënneren. Mee et ass kloer, datt ech hir gesot hunn, datt mir géifen hëllefen. Well mir d'Caritas schätzen a brauchen. An dat war meng Linn, dès le début. Nach eng Kéier, wéi bei der Rettung vun de Banken. 

 

Léonardo Kahn Mir wëssen haut, datt et da schlussendlech net dat nämmlecht war. De Staat huet anescht wéi bei de Banke keng Suen zu enger Rettung bäigedroen. D’Caritas huet hir iwwer 500 Salariéë verluer a si huet alleguer hir sozial Projeten ofginn oder gestoppt. Firwat ännert d’Regierung hir Positioun dann? 

 

Jean-Claude Franck Ma de Luc Frieden seet, datt dat geschitt, well d’Regierung nei Informatioune kritt hätt. 

 

Luc Frieden Well ech hu jo an deem Moment, mir schwätzen hei vun deem éischten Dag, keng Connaissance gehat vun deene Kreditter, déi do opgeholl gi sinn. 

 

Jean-Claude Franck Klenge Rappel: D’Finanzdirektesch vun der Caritas huet ee Konto bei der BGL an ee bei der Spuerkeess ëm am Ganzen iwwer 30 Milliounen Euro iwwerzunn. Dat ass ee grousse Problem. D’Hallschent vun de geklaute Sue sinn also Kreditlinnen. 

 

Pia Oppel An op deem Scholdebierg sëtzt d’Caritas also am Juli. D’Banke soen, datt déi Kreditlinne mussen zeréckbezuelt ginn. Ëmmerhi wiere se jeeweils vun zwee Direktiounsmembere signéiert ginn. 

 

Jean-Claude Franck An de Caritas-Verwaltungsrot seet, d’Banken hätten déi Kreditlinnen ni dierfen accordéieren. Well d’Direktioun guer keng Erlabnis gehat hätt fir Sue léinen ze goen. 

 

Pia Oppel D’Caritas kontestéiert déi Kreditlinnen also. An d’Regierung geréit an deem Konflikt tëschent d’Fronten. 

 

Léonardo Kahn Wat mengs Du domadder genee? 

 

Pia Oppel Ma d’Spuerkeess an d’BGL hätten eebe gär déi iwwer 30 Milliounen Euro zeréck, déi d’Caritas tëschent Mäerz a Juli geléint huet. 

 

Jean-Claude Franck An d’Suen, déi d’Caritas fir hir Aktivitéite vum Staat kritt, hat d’Direktioun als Garantie hannerluecht, wéi se déi zwee Kontrakter signéiert huet fir d’Kreditlinnen. 

 

Luc Frieden Dat sinn also déi Cession-de-creancen. Wann een eng Cession de creances kritt, da muss een déi als Debiteur, deen de Staat ass, vis-à-vis vun der Caritas, e bezilt der Caritas eppes, da muss een déi respektéieren. 

 

Pia Oppel An anere Wierder, d’Caritas konnt d’Suen net méi selwer zeréckbezuelen an hat fir dee Fall de Banken d’Paiementer vum Staat iwwerschriwwen. All Euro mat deem de Staat der Caritas hätt wëllen hëllefen, wier amplaz bei de Banke gelant, esou d’Analys vun der Regierung. 

 

Léonardo Kahn An déi Analys ass richteg? Also gouf et wierklech keng Méiglechkeet der Caritas nach Suen ze iwwerweisen, ouni datt d’Banke sech déi da geholl hätten? 

 

Pia Oppel Ma d’Regierung huet sech dozou juristesch Avise gefrot. A wéi verschidde Quellen eis soten, war d’Conclusioun do kloer. De Staat selwer kann déi Cession-de-creancen net ufechten. A wann en der Caritas Sue gëtt, da wier de Risiko effektiv grouss, datt d’Banke sech déi Suen huelen. 

 

Luc Frieden Also konnt de Staat net, an dat versti vill Leit net, dat verstinn och vill Leit bei der Caritas net, mir hätten also misste fir d'éischt 30 Milliounen de Banke bezuelen an dann hätte mir kënnen d'Caritas retten. Duerfir si mir net do. Dat ass net eis Aufgab. 

 

Jean-Claude Franck D’Regierung ass deen Ament op jidde Fall net bereet ee Risiko anzegoen, fir no Alternativen ze sichen, an déi Cession-de-creancen iergendwéi ze ëmgoen.

 

Luc Frieden An duerfir gouf et keen anere Wee, wéi eng nei Entitéit ze grënnen. Mee dat war an hiren Hänn. 

 

Pia Oppel Also an den Hänn vum Caritas-Verwaltungsrot. Dee misst selwer eng Léisung fannen, fir nees kënne Sue vum Staat ze kréien, esou d’Positioun vum Premier. An domadder land déi waarm Gromper bei enger Persoun, déi mir an der drëtter Episod scho kuerz erwäänt hunn. 

  

Christian Billon Je suis Christian Billon et je me suis beaucoup engagé dans le secteur social avec mes compétences dans le domaine de l'expertise comptable, du réviseur d'entreprise et de la gouvernance. 

 

Jean-Claude Franck De Christian Billon huet virun dëser Kris guer näischt mat der Caritas oder der Kierch ze dinn. Mee am Summer 2024 spillt hien dann op eemol eng ganz zentral Roll bei de Beméiungen déi kathoulesch Organisatioun iergendwéi ze retten. 

 

Pia Oppel Comment est-ce que cela est venu? 

Christian Billon C'est venu tout à fait d'une manière impromptue un vendredi soir. 

 

Pia Oppel Freideg, de 26. Juli. Zéng Deeg also nodeems de Bedruch intern opgeflunn ass, decidéiert de Caritas-Verwaltungsrot seng Krisegestioun nei opzestellen. Mat Hëllef vun enger Berodungsfirma geschitt dat. 

 

Christian Billon J'ai reçu un coup de téléphone de François Mousel qui m'a appelé et qui m'a dit: Voilà, on est en train de chercher quelqu'un pour nous aider à résoudre l'affaire Caritas. 

 

Jean-Claude Franck De François Mousel ass de Chef vu PriceWaterhouseCoopers, PwC also, zu Lëtzebuerg. Dat ass déi gréisste Berodungsfirma zu Lëtzebuerg. Fir déi de Christian Billon fréier och emol geschafft huet. 

 

Pia Oppel De Caritas-Verwaltungsrot huet ganz fréi an der Kris decidéiert, fir PwC mat u Bord ze huelen. Als administrative Support fir d’Direktioun ze ersetzen. Mee doriwwer eraus huet de Verwaltungsrot Ënnerstëtzung am Krisemanagement nach gesicht.

 

Jean-Claude Franck Als éischt ass de fréiere Caritas-Direkter Erny Gillen gefrot ginn. Mee dee seet no engem Telefonsgepréich mam Kardinol of. Well kloer ass, datt de Bistum d’Caritas faleléisst. 

 

Pia Oppel An da gëtt de Christian Billon gefrot. 

 

Christian Billon Et bon sur le coup j'ai quand même dit: laisse-moi 24 heures pour y réfléchir. C'était quand même un choc. 

 

Jean-Claude Franck Obwuel kloer ass, datt weder de Bistum nach d’Regierung déi kathoulesch Organisatioun esou ouni Weideres wäerte retten, seet de Christian Billon dann awer zou.

 

Christian Billon Tout simplement, je me suis dit, c'est une structure qui est très importante à Luxembourg, qui a un rôle parmi les grands dans le secteur social. À première réflexion, je m'étais dit, il n'y a personne qui va laisser tomber une structure pareille. C’était ma toute première réaction. 

 

Jean-Claude Franck Um Sonndeg, dem 28. Juli entscheet de Caritas-Verwaltungsrot, datt vun elo un ee klenge Grupp vu véier CA-Memberen am Alldag de Suivi vun der Kris solle maachen. An deem neie Krisecomité sinn ënner anerem d’Nathalie Frisch, de Marc Hengen an de Philippe Sylvestre, also déi dräi Juristen am CA. 

 

Pia Oppel Och d’Caritas-Presidentin Marie-Josée Jacobs ass am Krisecomité vertrueden, mee si spillt de facto keng grouss Roll, well si fir déi aussergewéinlech Situatioun net méi fit genuch ass.  

 

Jean-Claude Franck Et ass awer wichteg ze betounen, de Verwaltungsrot bleift dat iewescht Gremium vun der Caritas. En hëlt all wichteg Decisiounen an dréit d’Responsabilitéit. Op d’mannst um Pabeier. 

 

Pia Oppel Well an der Praxis ass et de Krisecomité, deen d’Rudder iwwerhëlt. A President vun dësem Krisecomité gëtt eben de Christian Billon. 

 

Christian Billon Je tiens à signaler que je faisais ça à titre bénévole. J'ai 73 ans, j'ai fait ma vie, j''ai une pension, je n'ai pas besoin d'aller encore gagner de l'argent. 

 

Pia Oppel Kuerz nach dat hei zum Christian Billon sengem professionelle Parcours. Hien huet als Reviseur d’entreprise geschafft an eng Firma gegrënnt, déi hir Clientë bei der Steieroptiméierung beroden huet, also wéi se méiglechst wéineg Steiere kënne bezuelen. 

 

Jean-Claude Franck Hien huet awer scho virun der Kris bei der Caritas ee Lien zum Sozialsecteur, als laangjärege President vum Comité Nationale de défense sociale, oder och als Beroder vun der Croix-Rouge. 

 

Léonardo Kahn An elo am Juli ‘24 gëtt hien dann de President vum Krisecomité bei der Caritas.

 

Jean-Claude Franck Genee, hie mécht dat als externe Consultant. Ass also selwer net Member am Verwaltungsrot. Säin Optrag gëtt schrëftlech festgehalen: hie soll der Caritas hir Interesse vertrieden an hëllefen eng Léisung ze fannen, fir datt d’Aktivitéite kënne weidergeféiert ginn. 

 

Pia Oppel A just well dat dacks duerchernee geheit ginn ass. Dat ass also eppes aneres wéi bei PwC. D’Berodungsfirma iwwerhëlt am Prinzip reng administrativ Aufgaben. Mee kritt dofir zimmlech vill Spillraum, wat zum Androck bäidréit, datt d’Caritas an deene Woche quasi vu PwC mat geleet gëtt. 

 

Jean-Claude Franck Mee u sech rapportéiert PwC un den CA an deen dréit d’Responsabilitéit fir d’Decisiounen. D’Berodungsfirma gëtt iwwregens och bezuelt. Mir kruten aus Caritas-Kreesser gesot, datt dee Service d'Caritas op d’mannst 1,2 Milliounen Euro kascht huet. 

 

Pia Oppel Een Drëttel vun deem Montant ass bis ewell bezuelt ginn. A PwC ass net déi eenzeg Firma, bei där d’Caritas Scholden huet. Doriwwer schwätze mir nach. 

 

Léonardo Kahn Zeréck bei de Christian Billon. Dee gëtt also op engem Freideg, Enn Juli, kontaktéiert, a sonndes huet d’Caritas ee Krisecomité mat engem neien, onofhängege President. Wéi geet de Christian Billon dann un dës nei Missioun erun?  

 

Jean-Claude Franck Déi Missioun fänkt domadder un, datt hien d’Caritas mol muss vu banne kenneléieren. 

 

Christian Billon Bon, j'ai jamais vécu un tsunami. Mais enfin intellectuellement, c'était un tsunami.  

 

Pia Oppel Hie léiert de Verwaltungsrot kennen a beim Personal dann och d’Cheffe vun den eenzelne Servicer. 

 

Christian Billon Donc les gens étaient évidemment extrêmement choqués. Mais ce que je dois dire, c'est qu'ils étaient tout de suite là pour aider. 

 

Jean-Claude Franck D’Caritas mat hiren iwwer 500 Salariéen an all deene verschiddene Servicer fir den Encadrement vun Obdachlosen, vun Asyldemandeuren, vu mannerjärege Flüchtlingen, a sou weider. Déi Caritas huet misse weider funktionéieren. An dat geschitt och, obwuel kaum nach Suen do sinn. 

 

Christian Billon C'était le premier souci du personnel, c'était: est-ce qu'on va être payé? Donc on a réussi, on les a immédiatement rassurés que le mois d'août serait payé. Par contre, on savait aussi que le mois de septembre était à risque. 

 

Pia Oppel An et gëtt dann och kloer, d’Caritas huet net just Scholde bei de Banken: mee och bei sëlleche Fournisseuren, déi zum Beispill d’Iesse liwwere fir déi verschidde Foyere vun der Caritas. 

 

Christian Billon Je ne vous dis pas le nombre de fournisseurs qui nous ont menacé d'arrêter les livraisons, de ne plus travailler avec nous, enfin c'était vraiment le blocage complet. D'ailleurs c'est encore une autre raison pour laquelle ça devenait infernal de continuer au sein de ces entités, c'est que les fournisseurs avaient fermé les robinets. 

 

Jean-Claude Franck An och hir Steieren a sozial Cotisatiounen hat d’Caritas wärend de Méint vum Bedruch net méi richteg bezuelt. Vum CA krute mir gesot, d'Caritas hätt ronn zéng Milliounen Euro Scholde gehat. Nieft deenen 30 Millioune Kreditter bei de Banken. 

 

Pia Oppel An et ass am Summer onkloer, wéi d’Caritas déi Scholde kéint zeréckbezuelen. Well ob se déi geklaute Sue jee wäert zeréckgesinn, oder ob se vläicht een Accord mat de Banke kéint fannen: dat kann alles esou kuerzfristeg net gekläert ginn.

 

Jean-Claude Franck Hei ass d’Analys vun der Caritas dowéinst dann am August déi selwecht wéi déi vun der Regierung: wann een d’Aktivitéite wëllt weiderféieren, da muss een eng nei Caritas grënnen. Dat gëtt Ufank August och esou kommunizéiert. 

 

[100,7-Noriichten-Jingle] 

 

Pierre Reyland: Gudde Moien, d’Caritas Lëtzebuerg huet sech zu Wuert gemellt fir matzedeelen, datt deen nei geschaafte Krisecomité decidéiert huet, zwou nei Entitéiten ze schafen. 

 

Léonardo Kahn D’Iddi ass also fir déi al Caritas mat all deene Scholden hanner sech ze loossen. Wéi eng “bad bank”, wou all d’Problemer mol geparkt gi bis se juristesch gekläert sinn. An d’Aktivitéite sollen da mat enger neier Organisatioun weidergeféiert ginn. Dat ass also dem Christian Billon seng eigentlech Aufgab dann am August, eng nei Caritas op d'Bee stellen? 

 

Pia Oppel Genee, an hei kënnt dann dee Facteur Summerlach och an d’Spill. 

 

Christian Billon Replaçons le contexte, on est au mois d'août. Le mois d'août à Luxembourg, c'est le mois où il n'y a personne. Il y a eu plusieurs commentaires qui ont été faits par la suite. On aurait dû réunir plusieurs acteurs. D’abord, réunir plusieurs acteurs au mois d'août, difficile. C'est simplement la mer à boire. Ça allait prendre du temps. Or le temps, c’est quelque chose que nous n’avions pas.

 

Léonardo Kahn D’Summerlach mécht dem Krisecomité d’Aarbecht also schwéier. Wéi leet e sech dann u fir trotzdeem virunzekommen? 

 

Jean-Claude Franck Ma als éischt klappt de Krisecomité beim Bistum un, obwuel vun do keng ganz encourageant Signaler kommen. Doriwwer hu mir an der leschter Episod jo geschwat. De 7. August ass eng Reunioun. An duerno ass kloer, vum Bistum kommen déi néideg Rettungsgelder net. 

 

Pia Oppel Qu'est-ce qui est votre conclusion à ce moment-là?  

Christian Billon Qu'est-ce qu'on va faire maintenant? On ne va pas baisser les bras, on va insister.

 

Pia Oppel An da gi lauter aner Piste probéiert, déi awer aus deene verschiddenste Grënn scheiteren. Aner kathoulesch Acteure gi fir Hëllef gefrot zum Beispill. 

 

Jean-Claude Franck Et gëtt och d’Iddi fir d’Aktivitéite vun der Caritas un d’Croix-Rouge ze iwwerdroen. Oder un eng aner Caritas-Entitéit, déi net vum Bedruch betraff ass. Mee alles dat klappt net.

 

Pia Oppel Also bleift d’Haaptpist fir eng nei Caritas ze grënnen. Als Startkapital brauch een awer eebe Suen. Fënnef bis sechs Milliounen Euro, dee Chiffer zirkuléiert am Summer. 

 

Jean-Claude Franck Esou eng Zomm, dat ass d’Schätzung, brauch ee fir esou eng grouss Organisatioun iwwerhaapt un d’Rullen ze kréien. Och wann d’Aktivitéiten duerno zum groussen Deel vum Staat bezuelt ginn. 

 

Pia Oppel An déi Suen huet d’Caritas am August eeben nach ëmmer net opgedriwwen. Doriwwer gëtt och d’Regierung informéiert. De Christian Billon bleift am enken Austausch mat engem Grupp vun héije Beamten, déi de Suivi vum Dossier maachen. An haaptsächlech mam Premier Luc Frieden. 

 

Pia Oppel Vous avez dit on ne baisse pas nos bras, mais est-ce qu'on retourne chez M. Frieden et on lui dit soit vous nous aidez, soit c'est fini? Quelles étaient les options ? 

 

Christian Billon On n'a pas utilisé ce genre d'approche, mais j'ai informé évidemment le Premier Ministre d'une manière régulière de la situation. À chaque pas, il était au courant de ce qu'on faisait et il était très attentif sur ce qui se passait et très à l'écoute. 

 

Pia Oppel Wéi de Christian Billon an de Luc Frieden et duerstellen, geet et bei deenen Echangen ënner anerem ëm d’Fro, wéi dann an esou kuerzer Zäit kéinte Konventioune mat enger neier Organisatioun zustane kommen. 

 

Christian Billon Les ministères ont dit, mais oui, on peut aider en faisant des nouvelles conventions.

 

Jean-Claude Franck D’Regierung wëllt also d’Grënnung vun enger neier Organisatioun ënnerstëtzen, andeems a Rekordzäit nei Konventioune sollen opgesat ginn. Also Kontrakter, déi de staatleche Finanzement vun enger Organisatioun reegelen. A fir dat hinzekréie musse ganz vill Detailer nach gekläert ginn. 

 

Léonardo Kahn OK, also de Christian Billon kritt vum Staat assuréiert, datt deen hëlleft, fir en Neistart am Hierscht op d’mannst emol reng organisatoresch hinzekréien. Mee nach ass jo net kloer, ob genuch Sue kënnen opgedriwwe ginn, fir och effektiv eng nei Caritas op d’Bee ze stellen. Wéi verleeft déi Sich?

 

Pia Oppel Ma de Christian Billon aktivéiert dann hei och seng eege Reseauen. 

 

Christian Billon On prend le téléphone et on appelle les gens qu'on connaît. Et on appelle X qui appelle Y, etc. Et on dit: il y a quelqu'un dans ce monde qui est prêt, un philanthrope ou des philanthropes qui sont prêts à mettre la main dans la poche et d'aider? 

 

Pia Oppel Interessant ass, datt d’Leit, déi hei mobiliséiert ginn, dacks och Lienen zur CSV oder och zum Luc Frieden hunn, deen a senger Karriär ëmmer ee gudden Drot zu de Lëtzebuerger Geschäftsmilieuen hat. 

 

Jean-Claude Franck Schlussendlech sinn et dräi Stëftungen, déi bereet si Sue bäizesteieren. D’Fondation La Luxembourgeoise, d’Fondation Losch an d’Fondation Félix Chomé. Allen dräi goufe vun Entreprisen oder Entrepreneure lancéiert, déi eben iwwer esou Fondatioune Projete fir gutt Zwecker wëllen ënnerstëtzen.

 

Jean-Claude Franck A wat awer och opfält ass, datt d’Leit, déi an de Verwaltungsréit vun deene Fondatiounen aktiv sinn, selwer deels och Kontakter zum Bistum hunn.

 

Christian Billon Ça m'a aussi un peu rassuré, je me suis dit, bon, ce n'est pas l'église directement, mais indirectement, c'était quand même l'Église qui est là. Donc ça peut sauver Caritas. Pour moi, on était en train de sauver Caritas. Je n'avais à aucun moment l'idée de faire quelque chose de différent. Pour moi, c'était Caritas.

 

Léonardo Kahn OK, also de Krisecomité huet am Laf vum Summer dräi Fondatioune fonnt, déi bereet si Sue bäizesteieren an esou déi sozial Projete vun der Caritas ze retten. An nach ëmmer ass et d’Hoffnung, datt déi nei Organisatioun, déi gegrënnt gëtt, och soll Caritas heeschen. Mir wëssen, datt dat net geschitt. Wéi ass et schlussendlech dozou komm? 

 

Jean-Claude Franck Effektiv, déi Iddi vun enger neier Caritas steet dee ganze Summer nach am Raum. Dat erkläert och d’Ausso vum Luc Frieden de 4. September, déi mir um Ufank vun der Episod héieren hunn. 

 

Luc Frieden Mat enger neier Caritas, mat där dann och de Staat géing nei Konventioune maachen. An déi Caritase géifen och eng nei Gouvernance hu mat neie Leit.

 

Pia Oppel Wat hei wichteg ass ze wëssen, fir Deel vum internationale Caritas-Reseau ze sinn, also fir souzesoen eng richteg Caritas ze grënnen, dofir brauch eng Organisatioun de Seege vum Bistum. An dat ass am September nach ëmmer net de Fall. 

 

Jean-Claude Franck Genee op deem Dag vum Luc Frieden senger Pressekonferenz, also op deem Mëttwoch 4. September, hëlt de Christian Billon nach eng lescht Initiativ fir de Bistum anzebannen. Well de Kardinol hat gefrot fir d’Statute vun enger neier Organisatioun ze gesinn, éier hien eng Decisioun hëlt.

 

Christian Billon Et s'il m'avait reçu le 5, on lui aurait montré les status, il aurait dit oui, et nous, peut-être qu'on aurait négocié et peut-être qu'on aurait vu avec les membres fondateurs si pour eux c'était OK. Mais c’est pas ce qui c’est passé.

 

Pia Oppel De Bistum ass net immens reaktiv. A proposéiert ee Rendez-vous néng Deeg méi spéit. 

 

Christian Billon Donc, neuf jours. Neuf jours dans cette époque-là, c'était énorme. On était parfaitement conscient que le 30 septembre c’était fini. On était conscient qu'il fallait négocier avec le gouvernement des nouvelles conventions. Et donc on devait prendre des décisions.

 

Jean-Claude Franck De Christian Billon huet sech deen Ament souwisou net méi vill vum Bistum erwaart. En plus gouf et ënner den neie Fondateuren, trotz de punktuelle Lienen, déi et hei zum Bistum gëtt, éischter een negativen a priori fir déi nei Organisatioun Caritas ze nennen.  

 

Christian Billon Quand vous avez des philanthropes qui sont d'accord de mettre de l'argent dans une structure, c'est quand même eux qui ont quelque chose à dire. Et il y a eu un consensus pour dire qu'on ne peut pas l'appeler Caritas.

 

Pia Oppel Et les arguments étaient?  

 

Christian Billon Je ne connais pas les arguments de fond. Mais, en tant que quelqu'un de l'extérieur, je me suis dit, oui, c'est peut-être difficile de l'appeler Caritas compte tenu de l´image négative qu'il y a eu avec la fraude.

 

Jean-Claude Franck Also gëtt nach virun der Entrevue mam Kardinol eng Decisioun geholl. Den 12. September, den Dag éier Caritas a Bistum sech treffen, kënnt dës Annonce. 

 

[100,7-Panorama Jingle] 

 

Sophie Morang: Eng nei ASBL mam Numm HUT soll déi national Aktivitéite vun der Caritas vum 1. Oktober un iwwerhuelen. 

 

 

Léonardo Kahn Also verléiert d’Caritas hei de Gros vun hire sozialen Aktivitéiten: Eng 350 Leit wiessele bei Hëllef um Terrain, kuerz HUT. Wéi gesäit de Caritas-Verwaltungsrot déi Entwécklung? 

 

Jean-Claude Franck Fir den CA ass dat alles zimmlech batter, well seng Prioritéit eng Caritas-intern Léisung ass. Mee en huet och keen aneren Auswee gesinn, seet d’Nathalie Frisch, déi deen Ament selwer Member am Krisecomité vun der Caritas ass. 

 

Nathalie Frisch Also, d’Decisioun, mir waren an deem Sënn net dru bedeelegt. Et war eng Léisung do, fir datt d’Salariéë weider eng Aarbecht hätten a fir datt d’Beneficiaire weider hir Prestatioune kriten. Wa just eng Léisung do ass, kann ee vläicht emol net vun enger Decisioun schwätzen. Et war de facto déi eenzeg Léisung. 

 

Pia Oppel Datt de Christian Billon da selwer President vun der neier ASBL Hëllef um Terrain gëtt, kënnt beim Caritas-CA net gutt un. An et bleift eng Enttäuschung iwwer d’Resultat vun der ganzer Krisegestioun. 

 

Léonardo Kahn D’Regierung huet an deem Krise-Summer de Geldkrunn zougedréit an de Bistum huet d’Caritas falegelooss. Ënner deene Conditioune gouf et eigentlech keen aneren Auswee, seet d’Nathalie Frisch. Ass dat och Är Conclusioun? 

 

Pia Oppel Ech denken effektiv, datt d’Caritas selwer hei keen anere Choix méi hat. Et sinn anerer, déi dee Summer déi wichteg Decisioune geholl hunn. Nämlech de Bistum an d’Regierung. 

 

Léonardo Kahn Dem Bistum war d’Caritas net wichteg genuch, fir sech hei ze mobiliséieren, doriwwer hu mir an der leschter Episod geschwat. Mee wéi ass et mat der Regierung, war et där egal, wéi dës Rettungsaktioun géif ausgoen, soulaang d’Déngschtleeschtunge selwer weidergeféiert ginn? 

 

Jean-Claude Franck Jo, dat ass effektiv d’Haltung, déi d’Regierung an deem Krisesummer ageholl huet. A fir déi Positioun ass se duerno da kritiséiert ginn. 

 

Pia Oppel Well verschidden Oppositiounsparteien an der Chamber sinn iwwerzeegt, datt besser Léisungen hätte kënne fonnt ginn. Am Oktober gëtt dowéinst eng Spezialkommissioun geschafen, an där d’Chamber wëllt erausfannen, wat schifgelaf ass. 

 

Léonardo Kahn D’Chamber erwächt am Hierscht also aus hirem Summerschlof. Nodeems all d’Decisioune scho geholl sinn. Hat da keen dat komme gesinn, datt d’Caritas hir national Aktivitéiten da schlussendlech un eng aner Organisatioun misst ofginn? 

 

Pia Oppel Gutt Fro, also fir eis emol als éischt bei der eegener Nues ze huelen: d’Medien, och den 100,7 hunn net gemellt, datt et an déi Richtung kéint goen. Och well et am Summer net evident ass un Informatiounen ze kommen. 

 

Jean-Claude Franck Weder déi Responsabel vun der Caritas nach d’Regierung hu vill kommunizéiert. Op béide Säite sinn d’Informatiounen am ganz enke Krees gehale ginn. 

 

Pia Oppel An da si mir selwer och am August an der Vakanz. Mir hunn deels zwar nach weider recherchéiert. Awer ouni op deem dote Punkt wierklech virunzekommen, wéi ech dem Jean-Claude deen Ament zielen. 

 

Pia Oppel Bei der Caritas huet jiddereen esou Angscht fir mat der Press ze schwätzen. Well déi Leit alleguer fir hir Aarbecht fäerten. Well PwC seet, et dierft keen iwwer Interna nach iergendeppes verroden. 

Jean-Claude Franck Mir hunn ee Mail gesinn, deen den 9. August vun enger PwC-Mataarbechterin un d’ganzt Caritas-Personal gaangen ass. An do steet dran: “Wann d’Press iech kontaktéiert, äntwert net“. 

 

Léonardo Kahn A wéi gëtt déi Opfuerderung justifiéiert? 

 

Jean-Claude Franck Ma de Message ass, wann Iech d’Zukunft vun der Caritas um Häerz läit, da sot näischt. Dat spillt also am Summer och eng Roll, vill Leit hu sech geduecht, et gëtt méi schwiereg Léisungen ze fannen, wann ëffentlech doriwwer geschwat gëtt. 

 

Pia Oppel Vill vun eise Sourcë sinn eréischt bereet méi prezis Informatiounen ze deele wéi kloer gëtt, datt eben net déi Léisunge fonnt goufen, déi ufanks am Raum stinn. An dat huet Enn August ugefaangen. 

 

Pia Oppel Hallo, zeréck zu Lëtzebuerg. Dat war eng zimmlech hektesch Réckfaart elo zum Schluss, well ech op eemol dee Message krut, datt an der Caritas elo gesot gi wier, datt déi international Projete sécher direkt gestoppt géife ginn. Wat mech dunn natierlech erschreckt huet, well mir awer elo ëmmer dovunner ausgaange sinn, datt se versichen all d'Aktivitéiten esou gutt wéi méiglech ze retten. 

 

Jean-Claude Franck Dat hu mir dann ufanks September och gemellt, eng Woch éier et offiziell confirméiert gëtt. Zu den internationale Projete vun der Caritas komme mir iwweregens méi spéit nach.

 

Pia Oppel Mir hunn deemools dann och Rumeuren héieren, datt et net sécher wier, datt déi nei Organisatioun Caritas sollt heeschen. Mee vum Communiqué iwwer d’Grënnung vun Hëllef um Terrain si mir den 12. September dann awer iwwerrascht ginn.

 

Jean-Claude Franck An den Oppositiounsparteie ass et änlech gaangen. 

 

Djuna Bernard Moien.

Pia Oppel Hello, Merci.

Djuna Bernard Ech sinn d'Djuna Bernard, ech sinn Deputéiert vun deene Gréngen an ech kommen u sech aus dem soziale Secteur. Ech hunn do geschafft, ech hunn och dat studéiert.

 

Pia Oppel déi gréng sinn am Summer déi Oppositiounspartei, déi déi meeschte parlamentaresch Froen zur Caritas-Affär stellt. Froen, op déi awer gréisstendeels keng Äntwerte kommen. Alarméiert ass déi gréng Deputéiert Djuna Bernard wéinst deem Silence deen Ament awer net. 

 

Djuna Bernard Ech mengen, et ass dee Moment och eng Oppositioun geduecht huet, okay, komm mir loossen elo déi Leit emol schaffen, fir hir Léisungen ze fannen. 

  

Jean-Claude Franck Och wann éischt Rumeuren zirkuléieren, datt et Schwieregkeete ginn?

 

Djuna Bernard Bon, ech sinn den 20. August an d'Vakanz gaangen an hunn och zéng Deeg ofgeschalt. An ech sinn am Fong fir den éischte September erëmkomm. An do huet een do schonn déi éischt Rumeuren héieren, et gëtt eng nei Organisatioun, déi guer näischt wäert ze dinn hu mat Caritas. 

 

Pia Oppel Et dauert bis de 16. September, bis déi éischt Chamberkommissiounen zur Caritas dann nees zesummekommen. Do sinn d’Decisiounen, wéi erwäänt, dann awer all scho geholl.  

 

Djuna Bernard D'Fro ass jo wierklech déi, wann dat hei am November, Dezember geschitt wier, wat wier da geschitt? Also zumindest politesch mengen ech, wiere Saachen anescht geschitt. 

 

Léonardo Kahn Mee wat wier dann anescht ausgaangen? Also wat huet d'Chamber dann am Hierscht auszesetzen un der Léisung, déi fonnt ginn ass? 

 

Jean-Claude Franck Also virop muss een hei betounen, net alleguer d'Parteie gesinn dat, wat geschitt ass, esou kritesch. Natierlech d’Majoritéitsparteien DP an CSV, mee och d’Oppositiounspartei och d’ADR, fannen, datt d’Regierung déi richteg Decisioune geholl huet. 

 

Pia Oppel Wa si Kritik hunn, da viséiert déi éischter de Bistum, well deen net gehollef huet. Oder och déi nei ASBL Hëllef um Terrain, well déi d’Caritas-Personal net mat hiren alen Aarbechtskontrakter direkt iwwerhëlt. 

Jean-Claude Franck Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz ass dowéinst am September souguer virun der Chamber bei enger Manif vun der Gewerkschaft OGBL dobäi.

Marc Spautz Mir hunn e Lëtzebuerger Code du Travail an e Lëtzebuerger Aarbechtsrecht, wou ganz kloer definéiert ass, wat en Transfert d'entreprise ass.

 

Pia Oppel D’Haaptkritik kënnt an der Caritas-Affär awer ganz kloer vun de lénken Oppositiounsparteien. An deenen hir Positioun kann een esou resuméieren: d’Caritas ass net iergendeen Déngschtleeschter an hätt misse gerett ginn. 

 

Jean-Claude Franck Et hätt een d’Sich no Léisungen net engem Frëndeskrees vu räiche Geschäftsleit a vu PwC dierfen iwwerloossen. Mee de Staat hätt hei seng Responsabilitéit missen huelen. Dat soen d’Piraten, dat seet och ëmmer nees d’Taina Bofferding vun der LSAP.

 

Taina Bofferding Et ass sech net un den Dësch gesat ginn an deem kruziale Moment, fir eebe mat deenen eenzelen Acteuren eng Kéier mam Bistum, mat der Regierung, mat de Banken, mat der Caritas, fir eeben ze kucken, wéi ee genee hei kéint virgoen.

 

Pia Oppel D’Djuna Bernard vun deene Grénge seet: Net Philanthropen, mee de Staat hätt sollen d’Sue bäisteieren, déi néideg ware fir eng nei Caritas op d’Been ze stellen.

 

Djuna Bernard Wëssentlech och, datt dat net komplett onüblech ass. Eng Croix-Rouge baut am Moment en neie Siège, wou och do de Staat substantiell Zommen dra gëtt. An zwar net als Prêt, mee geschenkt.

 

Jean-Claude Franck An de lénken Deputéierte Marc Baum mécht de Verglach mat der Finanzkris vun 2008, wou de Luc Frieden ee ganz anere Choix gemaach huet. 

 

Marc Baum Tjo, wann d'Caritas eng Bank gewiescht wier, wier se warscheinlech gerett gi vun eisem Premierminister. 

 

Pia Oppel An hei läit wuel och effektiv den zentrale Widdersproch vun der Regierung hirer Positioun an der ganzer Affär. 

 

Léonardo Kahn Wat mengs Du genee? 

 

Pia Oppel Du erënners Dech vläicht un dës Ausso vum Luc Frieden um Ufank vun der Episod, zu sengem éischte Gespréich mat der Caritas-Presidentin Marie-Josée Jacobs iwwer d’Kris. 

 

Luc Frieden et ass kloer, datt ech hir gesot hunn, datt mir géifen hëllefen, well mir d'Caritas schätzen a brauchen. An dat war och meng Linn, dès le début, nach eng Kéier wéi bei der Rettung vun de Banken. 

 

Pia Oppel An d’Regierung huet entscheet, bei der Grënnung vun enger neier Organisatioun net finanziell ze hëllefen. Firwat war dat net méiglech? Wann eng al Caritas, wa se keng Scholde gehat hätt, mee awer grad 61 Milliounen Euro geklaut krut, dem Luc Frieden no awer Sue vum Staat hätt kënne kréien. 

 

Léonardo Kahn Gutt Fro, wat seet de Premier da selwer dozou? 

 

Jean-Claude Franck Ma hie seet dozou dann, datt dat dann effektiv keng juristesch, mee eben eng politesch Decisioun ass. 

 

Luc Frieden Dat war hir Aufgab an net eis Aufgab. Et ass och normal, datt et net eis Aufgab war. Well ech géif et ganz komesch fannen, wa mir géifen ONGe grënnen. 

 

Pia Oppel ONG heescht jo och “Ogranisation non gouvernementale”, also Net-Regierungs-Organisatioun.

 

Léonardo Kahn Huet de Luc Frieden dann net hei awer ee Punkt: Also ass et net awer speziell, wann de Staat bis hëlleft eng zivilgesellschaftlech Organisatioun nei ze lancéieren? 

 

Jean-Claude Franck Jo, dat ass sécherlech eng Manéier, wéi een hei kann argumentéieren. An d’Regierung huet hire Choix hei eeben esou geholl. 

 

Pia Oppel D’Oppositioun gesäit dat awer eeben anescht. Si seet, datt dat hei een aussergewéinleche Moment war. An datt et dorëms goung, de Schued ze limitéieren. Fir net alles ze verléieren, wat d’Caritas ausgemaach huet. Hir laang Erfarung, hir Wäerter, hir Mobilisatioun vu Benevollen, an eeben de Plaidoyer politique, also sozialpolitesch Lobbyaarbecht. 

 

Jean-Claude Franck Alles dat huet Hëllef um Terrain net. An d’Oppositioun fënnt, datt d’Zivilgesellschaft doduerch eng staark Stëmm verluer huet. 

 

Pia Oppel Mee ass et un dem Staat, un der Politik, fir dat ze retten? 

 

Djuna Bernard Net ze retten, mee ze fërderen. E Kader ze schafen, wou dat ka wuessen. Do hat ee schonn d'Gefill, datt verschidde Politiker aus der Regierung net béis doriwwer waren, datt e kriteschen Acteur hei roueg ginn ass.

 

Pia Oppel D’Argument vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard, a méi generell d’Kritik vun der Oppositioun, ass awer och net fräi vu Widderspréch. Well wann d’Caritas mat hirem politesche Plaidoyer eng kritesch Stëmm war, dann och, well se eng gewëss Onofhängegkeet vun der Regierung hat. A genee dat hätt se jo duerch eng staatlech Rettungsaktioun riskéiert ze verléieren. 

 

Léonardo Kahn Fir d’Oppositioun ass de politesche Plaidoyer op alle Fall ee ganz wäertvollen Deel vun der Caritas hirer Aarbecht gewiescht. Kéints Du, Pia, da vläicht kuerz erklären, wat dee politesche Plaidoyer an der Praxis genee ausgemaach huet? 

 

Pia Oppel Ma ech hunn eng vun deene Persoune gefrot, dat ze erklären, déi dës Aarbecht jorelaang gemaach huet. 

  

Carole Reckinger De Plaidoyer politique, dat sollt eigentlech d'Stëmm vun deene sinn, déi normalerweis an eiser Gesellschaft keng Stëmm hunn. Dat heescht déi Äermsten, déi Marginaliséiertst. 

 

Pia Oppel Ech hunn d’Carole Reckinger am Garer Quartier an der Stad getraff, wou och de Siège vun der Caritas ass. 

 

Carole Reckinger Ech sinn ëmmer ganz gär dee Wee hei gaangen, fir op d'Aarbecht. Ech hu ganz gär do geschafft. Ech hu meng Aarbecht immens gär gemaach. Ech hunn och gär mat deene Leit, mat deenen ech zesumme geschafft hunn, zesummegeschafft. 

 

An ech konnt duerch meng Aarbecht och mat de Leit, déi um Terrain schaffen, mat den Employéen, mee och mat de Leit, déi betraff si selwer, ëmmer fräi schwätzen. A meng Aarbecht war eigentlech just, déi Uleiessen esou ze transforméieren, datt mir se kënnen der Politik presentéieren. 

 

Jean-Claude Franck De politesche Plaidoyer huet d’Caritas mat eegene Mëttel finanzéiert, spréch gréisstendeels mat Donen.  

 

Carole Reckinger D'Stäerkt dovunner war jo, datt mir honnertprozenteg onofhängeg waren. Datt ech wosst, datt kee mir ka soen, lauschter, wann s du dat do sees, kriss du keng Sue méi. 

 

Pia Oppel D’Carole Reckinger huet zejoert hiren Job verluer. Een Job, deen esou wéi en eemol war, deen Ament schonn net méi existéiert huet. Well d’Caritas, wéi se eemol war, eng staark a selbstbewosst Organisatioun, nom Bedruch eeben och net méi existéiert huet. 

 

Léonardo Kahn A firwat huet déi nei Organisatioun Hëllef um Terrain dann de Plaidoyer politique net iwwerholl oder versicht en an enger neier Form nees zum Liewen ze erwächen? 

 

Pia Oppel Et schéngt, wéi wann d’Kontinuitéit vun der politescher Aarbecht fir déi nei Fondateure keng Prioritéit war, och well si mat Eegemëttel muss finanzéiert ginn. 

 

Jean-Claude Franck Am September 2024 stierft awer net just de politesche Plaidoyer vun der Caritas.  

 

Luc Frieden Mir hunn iwwer déi international Aktivitéiten, déi praktesch Projeten do, well déi eis och vill manner bekannt sinn, wéi déi Lëtzebuerger Aktivitéiten, waren net Objet vun eisen Diskussiounen am Regierungsrot. 

  

Jean-Claude Franck Déi international Aktivitéite vun der Caritas ginn am Hierscht 2024 komplett agestallt. Mat Konsequenze fir Dausende Leit an deenen äermste Länner op der Welt.

 

Pacoto David Langoya People are asking themselves, what’s next? What’s the future? This is horrible. That means someone if they can’t send somebody to school, we are killing dreams.

 

Pia Oppel Dorëms geet et an der nächster Episod. 

 

Léonardo Kahn Dat ass dann déi siwent an eiser Chronologie vun der Caritas-Affär. Merci Pia a Jean-Claude!

 

Pia Oppel Gäre Leo!

 

Jean-Claude Franck Jo, merci Dir a bis nächste Kéier!

 

Léonardo Kahn Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast.   

   

Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Charlotte Bruneau, Tessy Troes a vu mir, Léonardo Kahn. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Jo Diseviscourt, Anke Meiser a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.

   

Fir keng Episod ze verpassen, abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. A wann Dir Froen hutt, oder eis Feedback wëllt ginn: maacht eis gären ee Mail op doku@100komma7.lu.