Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëllef fir Fraen an Nout

ASBL Femmes en détresse

Hëllef fir Fraen an Nout

D'ASBL Femmes en détresse ass eng ASBL, déi sech fir Fraen an Nout asetzt. Hir Generaldirekterin Andrée Birnbaum huet am 100,7-Interview erkläert, firwat verschidde Fraen ëmmer nees an dës Situatiounen zeréckfalen a wat gemaach gëtt, fir hinnen ze hëllefen.

auto_stories

7 min

© Diane Munro/peopleimages.com/Adobe Stock
Foto: Diane Munro/peopleimages.com/Adobe Stock

Femmes en détresse ass eng ASBL, déi 1979 entstanen ass, op Impuls vum feministeschen MLF, dem Mouvement pour la Libération de la Femme. Ee Joer drop ass d'Fraenhaus opgaangen: Eng Struktur, an där Fraen, déi Affer vu Gewalt am Stot gi waren, mat hire Kanner ënner komme konnten.

Zënterhier sinn eng ganz Partie aner Strukturen a Servicer nokomm. All mat där selwechter Finalitéit: Fraen an Nout ze protegéieren an hinnen ze hëllefen.

Trotz Orange Week: Net méi Zoulaf bei Femmes en détresse

D’Zil vun der Orange Week ass et, d'Gesellschaft fir d'Theema Gewalt géint d'Fraen ze sensibiliséieren. Mee och d'Frae selwer, déi Gewalt doheem erlieft hunn, sollen doduerch encouragéiert ginn, dat net hinzehuelen an driwwer ze schwätzen. Bei der ASBL Femmes en détresse suergt dës Woch awer net onbedéngt fir méi Zoulaf, wéi d’Direktesch vun der ASBL, d’Andrée Birnbaum, erkläert. Si hätten awer Frae bei sech an de Fraenhaiser, déi wärend dëser Woch ganz aktiv sinn, an zum Beispill op Märsch matginn.

D’Andrée Birnbaum bedauert et awer bëssen, datt dës Sensibiliséierung just op eng Woch limitéiert ass.

“Do gëtt da ganz, ganz vill driwwer geschwat an da flaacht et of. De Rescht vum Joer gëtt nach eemol fir d'Journée international de la femme e bëssen driwwer geschwat, awer et ass e bësse schued, datt lo alles esou konzentréiert ass an dann de Rescht vum Joer näischt méi."

Situatioune vu Fraen an Nout gi méi komplex

Gewalt ka vill verschidde Formen unhuelen: Physesch Gewalt, sexuell Gewalt, psychesch Gewalt oder och ekonomesch Gewalt. Et géif een nämlech haut nach ëmmer vill Frae gesinn, déi keen eegene Bankkonto hunn, an déi hir Sue mussen ofginn.

“Et mengt een ëmmer, dat géif et hei zu Lëtzebuerg net méi ginn. Mee dat ass awer nach ganz, ganz vill de Fall, leider.”

Et wier schwiereg fir Tendenze festzestellen, ob d’Gewalt zouhëlt oder net. Et géif een awer mierken, datt d’Situatioune méi komplex ginn, esou d’Andrée Birnbaum.

“Wann ech mat Kolleege schwätzen, déi virun zwanzeg Joer schonn an deem Beräich geschafft hunn, déi soten: 'Dann ass eng Fra komm, déi war Affer vu Gewalt. Punkt.' Haut ass eng Fra Affer vu Gewalt, huet een Aarmutsrisiko, si huet vläicht en plus nach keen Titre de séjour, si huet scho guer kee Logement, si huet och nach kengen Aarbechtsplaz.”

D'Situatioune wieren esou komplex, datt ee guer net wéisst, wou ee soll ufänken, esou d’Generaldirektesch vu Femmes en détresse.

Dacks ee schläichende Prozess

Wa Fraen Affer vu Gewalt ginn, gëtt dacks d’Fro gestallt, firwat si de Partner net einfach verlooss hunn. Grad eeben dës komplex Situatioune wieren ee Grond, firwat dat net de Fall wier, erkläert d’Andrée Birnbaum. Dobäi kéim, datt sech dat dacks iwwer Joren opbaue géing. Et kann ufänke mat Bemierkunge wéi “Du kanns net kachen” oder “Du bass ze déck”. Dës Remarke loossen d’Selbstvertraue vun der Fra lues awer sécher erofgoen.

“A wat si manner Selbstvertraue kréien, wat si sech manner bewosst sinn, datt si am Fong Affer sinn. Iergendwann kënnt et dann och oft zu deem Punkt, datt dann eeben och physesch Gewalt dobäi kënnt. Dann ass et awer oft schonn esou spéit, datt d'Fra sech guer net méi traut, iergendwéi do erauszekommen.”

Et kéint och virkommen, datt de Partner direkt physesch gewalttäteg gëtt, well hien zum Beispill alkoholiséiert oder drogéiert ass. Mee den Normalfall wier ee schläichende Prozess, betount d’Andrée Birnbaum.

Fraenhaus: Openthalter tëschent 4 a 24 Méint

Op eemol maachen eenzel Fraen awer dee Schrëtt. Dat entweder, wann d'Gewalt esou schlëmm gëtt, datt si wierklech schwéier Blessuren dovun droen, oder wann d'Kanner méi betraff sinn.

“Wann d'Kanner méi geschloe ginn, dat ass oft sou e Schrëtt, wou d'Fra da seet: ‘Nee, u mäi Kand geet hien awer lo net.'”

An der Consultatioun vu Femmes en détresse kréien déi betraffe Fraen ëmmer d’Alternative presentéiert. D’Frae kënne sech beispillsweis op eng Lëscht fir d’Fraenhaus aschreiwe loossen. Tëschent 60 a 70 Frae wieren op dëser Lëscht. Et kéint een awer kee forcéieren, fir vun doheem fortzegoen, betount d’Generaldirektesch vun der ASBL. Wéi laang d’Fraen dobleiwen, géing och variéieren.

“An der Theorie solle si tëschent 4 a 6 Méint bleiwen. Oft ass et awer esou, datt si tëschent engem Joer an 18 Méint bleiwen, well hannendru kee Logement ass, well keng Léisungen am Logement sinn.”

An deene Méint, déi d’Fraen am Fraenhaus verbréngen, gëtt ganz intensiv doru geschafft, datt si méi autonom ginn. Wann d’Fra awer beispillsweis d’Sprooch net schwätzt, dann dauert dee ganze Prozess natierlech méi laang, ënnersträicht d’Andrée Birnbaum. Bis zu zwee Joer.

D’Plazen awer, déi si limitéiert. 38 am Fraenhaus, an dann nach néng Zëmmer an der Maison communautaire d’urgence vun der ASBL.

D'Réckfällegkeet vu ville Fraen

Wann eng Fra aus dem Fraenhaus erausgeet, dann ass et net nëmmen, datt si an eng aner Wunneng plënnert, mee si gëtt och de Schutz of, dee si am Fraenhaus huet. Kéint si an där Situatioun net vläicht vum Ex-Partner opgesicht ginn?

“Also am Idealfall soll d'Situatioun vun der Gewalt net méi esou geféierlech sinn, wa si bis aus dem Fraenhaus geet, soss hale mir si och nach do.

Et géing een eng Risikoaschätzung maachen, déi een och mat der Police a mam Parquet deelt, esou nach d’Andrée Birnbaum. Wann do eng Liewensgefor géing bestoen, da géif een d’Fra ni virun d'Dier setzen.

Leider, esou d’Generaldirektesch vun der ASBL Femmes en détresse, ginn et ganz vill Fraen, déi vum Fraenhaus direkt nees zeréck bei hire Partner ginn, “well si einfach och ëmmer erëm hoffen, datt hie sech ännert, datt hien hinnen och alles erëm versprécht: ‘Lo gëtt alles gutt, ech verännere mech.’”

“Mir hu Fraen, déi si schonn dräi, véier mol am Fraenhaus gelant.”

Femmes en détresse: Femicide gehéiert an de Code pénal

Déi extreemst Form vu Gewalt ass natierlech de Femicide, also de Fraemord. Dat ass eppes, wat zu Lëtzebuerg als Notioun net am Code pénal steet. Dofir gëtt et och statistesch net separat opgeféiert. Trotzdeem kann een aus der Zuel vu Morden extrapoléieren, wéi vill Femiciden et pro Joer ginn. An der Moyenne wieren dat zwou Fraen am Joer, esou d’Andrée Birnbaum, mee:

“Natierlech, hei zu Lëtzebuerg, wann zwou Fraen ëmbruecht ginn an ee Mann, da si mir bei 75 Prozent. Also dat geet ganz schnell mat de Statistiken. Dat kann een am Fong ganz, ganz schlecht esou rechnen dann.”

D’ASBL wëllt dofir och, datt de Femicide an de Code pénal stoe kënnt. Et soll unerkannt ginn, datt et Morde ginn, déi geschéien, well een eng Fra ass, betount d’Andrée Birnbaum.

“A firwat nennt een dat Homicide? Dat geet einfach alles ënner engem Begrëff. Firwat? Et gëtt wierklech Gewalt, déi extra u Fraen ausgeüübt gëtt, well eng Fra vläicht physesch manner staark ass. An ech fannen, dat soll och dann och esou gesot ginn an och esou genannt ginn.”

Provokativ kéint een natierlech d'Fro stellen: Ass e Femicide méi schlëmm wéi en Homicide? All Mord wier schlëmm, betount d’Generaldirektesch vun der ASBL Femmes en détresse.

“Et ass ebe just, wann d'Affer manner Kraaft huet a sech manner ka wieren, dann ass et nach eemol, mengen ech, e Krack méi schlëmm.”

Direkt Aussoen zur Situatioun doheem "leider eng Utopie"

D'Affer wënsche sech dacks méi Ënnerstëtzung an Hëllef vun hirem Bekanntekrees, hirem Frëndeskrees an och vun der Famill. Famill a Frënn kënnen ënnerstëtzen, wann d'Affer schwätzt. D'Affer schwätzt awer net ëmmer. Wéi kann een also erkennen, datt eng Fra an Nout ass?

Warnzeeche kéinten eng gewëssen Isolatioun par rapport zum Frëndeskrees oder der Famill sinn, “wann een net méi dierf virun d'Dier goen, oder ëmmer nëmmen nach mam Partner muss zesumme sinn.”

Mee datt eng Persoun direkt seet “Ech gi geschloen doheem”, dat wier leider Utopie, esou d’Andrée Birnbaum.