Radioen

On air

Notturno  |  Lucy Dacus - Vbs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëllef fir d'Ukrain dominéiert de Joresbilan vun der Croix Rouge

Joresbilan 2023

Hëllef fir d'Ukrain dominéiert de Joresbilan vun der Croix Rouge

D'Croix Rouge huet an hirem Joresbilan vun 2023 Zuele presentéiert, déi virun allem d'Hëllef fir d'Ukrain betreffen. Sou goufe bal ganzer 100 Logementer vu Privatleit fir ukrainesch Flüchtlingen zur Verfügung gestallt. D'Zuel vun Done fir d'Ukrain géing awer erof goen.

auto_stories

2 min

Croix Rouge luxembourgeoise | © Croix Rouge luxembourgeoise
Foto: Croix Rouge luxembourgeoise

D'Organisatioun setzt an hirer Strategie 2030 op verschidde Pilieren. Engersäits wéilt een d'Zesummenaarbecht mat aneren Acteuren aus dem soziale Wunnengsbausecteur, wéi dem Fonds de Logement oder de Gemengen, verbesseren. Anerersäits géif een an Zukunft op alternativ Wunnforme setzen, wéi zum Beispill intergenerationellt Wunnen a Co-Locatiounen.

D'Erausfuerderunge verschwannen net mam Enn vum Krich

Nach ëmmer géif et u Logementer fir vulnerabel Persoune feelen, seet de Generaldirekter vun der Croix Rouge Michel Simonis. Och wann de Krich an der Ukrain eng Kéier eriwwer ass, heescht dat net, datt d‘Erausfuerderung vum Flüchtlingsaccueil manner gëtt, betount hien. D‘Croix Rouge wier och net der Meenung, datt si am Land gutt opgestallt sinn, fir Leit déi flüchten ëmmer eng Solutioun kënnen ze bidden.

Dofir wieren och scho weider Projeten an der Maach: An op d’mannst 170 weidere Logementer uechter d’Land kéinten an Zukunft iwwer 560 Persounen ënnerbruecht ginn. Bal 100 Logementer fir ukrainesch Refugiéë wiere scho vu private Proprietären zur Verfügung gestallt ginn.

Besoinen un humanitärer Hëllef klëmmt

Nieft dem Logement louch de Fokus vum Joresbilan op der humanitärer Hëllef an der Ukrain. Hei ass d’Croix Rouge haaptsächlech an de Regiounen Dnipro an Donetsk aktiv, fir zerstéiert Spideeler erëm opzebauen. 30.000 Hygiènes-Kitten an 19.000 Päck mat Liewensmëttel konnten zejoert an der Ukrain vun der Croix Rouge ausgedeelt ginn. Och hei klëmmt de Besoin weider, seet d’Myriam Jacoby, Coordinatrice vun de Programmer an der Ukrain. Gläichzäiteg ginn d‘Donen erof.

„An dat mécht och, datt ganz vill Leit, déi intern deplacéiert waren, sech erëm op de Wee maache fir zeréck ze goen, well si keng Moyene méi hu fir an der deplacéierter Regioun ze bleiwen.“

D’Croix Rouge ass schonn zanter 30 Joer an der Ukrain aktiv. Duerch de Support géif ee 4 Millioune Leit an deene verschiddene Regiounen den Accès un d’Santé garantéieren, sou nach d’Myriam Jacoby.