Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilbert Pregno confirméiert: No zéng Joer als President vun der CCDH ass Schluss

Consultativ Mënscherechtskommissioun

Gilbert Pregno confirméiert: No zéng Joer als President vun der CCDH ass Schluss

An zwee Méint kritt déi consultativ Mënscherechtskommissioun een neie President: de Gilbert Pregno huet am 100,7-Interview confirméiert, datt hien de Posten un der Spëtzt vun der CCDH no zéng Joer wäert ofginn.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
No zéng Joer als President vun der CCDH ass Schluss fir de Gilbert Pregno. (Foto: Jo Diseviscourt)

Hie bleift awer Member vun der Kommissioun, déi mat hirer Aarbecht Impakt hätt: dovun ass de Gilbert Pregno iwwerzeegt. Dat hätt ee gemierkt un de Reaktioune wärend der Pandemie. Zum Beispill, wou d’CCDH der Regierung mat hirer Kriticken “gutt op d’Schlappe gaang wier”.

"Deemno wie kritiséiert a wat den Inhalt vun der Kritik ass, betruechten ech dat als Luef. Mir stoungen hannert ville Moossnamen, déi geholl gi sinn, mee déi Liichtegkeet, mat där Fräiheeten ausgeaangelt gi sinn, do ware mir net averstanen. An ech muss dat ëmmer erëm betounen, ech hunn dat net vergiess: déi Pandemie, wat dat een Agrëff hat op eis Fräiheet hat, op Mënschen, déi agespaart gi sinn, wéi einfach et war, fir d'Leit ee géint deen aneren auszespillen. Dat ass eng grouss Gefor fir eis Demokratie."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft